Benevolat
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Benevolat[1], och nach Éierenamt genannt, ass eng fräiwëlleg, net bezuelten Aktivitéit am Déngscht vun Aneren oder vun der Gemeinschaft an engem Kader baussent der Solidaritéit an der Famill oder am Frëndeskrees.
E Benevolen ass deemno eng Persoun déi sech fräiwëlleg engagéiert am Déngscht vun Aneren oder der Gemeinschaft ouni dofir bezuelt ze ginn.
„Et gëtt praktesch esouvill Ursaachen fir d'Éierenamt wéi et Benevole gëtt[2]“. Generell existéiert d'Éierennamt am Kader vu Veräiner, Gewerkschaften oder politesch Parteien. De Benevolat spillt a wichtege gesellschaftleche a soziale Beräicher eng prominent Roll, sou zum Beispill bei der Protex a bei de Pompjeeën. Och d'Wikipedia entsteet zum gréissten Deel duerch éierenamtlech geleeschten Aarbecht.
An der Wirtschaft gehéiert d'Benevolat zu de net-kommerziellen Aktivitéiten. Well déi geleeschten Aarbecht net berechent gëtt ass d'Gewiicht vum Éierenamt am PIB ënnerbewäert, wougéint déi net-kommerziell Leeschtungen vum ëffentlechen Déngscht wéinst de Gehälter voll an de PIB erafléissen.
[änneren] Leader-Handbuch fir d'Veräiner
Tëschent 1996 an 1999 hunn d'Leader-Gruppen Klierf-Veianen a Réiden-Wolz zesumme mat dem Veräin Stad a Land asbl d'Leader-Handbuch fir Veräiner, Initiativen a Projete trimesterweis erausbruecht[3]. Dëse Vademecum huet wäertvoll Informatiounen a praktesch Ënnerlage fir den Alldag vum Veräinsmember a vum Projetsträger geliwwert.
All Ausgab behandelt e bestëmmt Thema, stellt virbildlech Projete aus dem In- an Ausland vir a presentéiert Subventioune, déi fir Veräiner an aner Initiativen interessant kënne sinn.
Zanterhier ass d'Handbuch net méi ugepasst ginn, stellt awer nach ëmmer eng eenzegaarteg a wichteg Dokumentatioun duer.
[änneren] Association du bénévolat
Dat internationaalt Joer vum Benevolat vun der UNO am Joer 2001 war Ustouss fir verschidden Aktiounen zu Lëtzebuerg, déi vum Familljeministère ausgaange sinn, ënner anerem d'Grënnung vum Veräin «Association du bénévolat asbl» den 16. September 2002.
Am Artikel 2 vun de Statute[4] gi folgend Ziler opgelëscht:
- Fërdere vun Initiativen am Beräich vum Éierenamt;
- Begrënnung a Bedreiwe vun der «Agence du bénévolat»;
- Begrënnung a Bedreiwe vun der «Fondation du bénévolat»;
- Regelméissegt Initiéiere vun den «Assises du bénévolat»;
- Fërdere vun Etablissementer, Veräiner, Wierker oder Persounen déi en ähnlechen Objet verfollegen.
Zu de Grënnungsmemberen ziele mat deene gréisste Veräiner am Land:
- Action catholique des femmes du Luxembourg asbl
- Amiperas - Amicale des personnes âgées, retraitées ou solitaires asbl
- Comité olympique et sportif luxembourgeois asbl
- Confédération Caritas - Confédération luxembourgeoise d’oeuvres catholiques de charité et de solidarité
- Croix-Rouge luxembourgeoise
- Fédération nationale des corps de sapeurs-pompiers du grand-duché de Luxembourg asbl
- Foyer de la femme asbl
- Groupement des associations et fédérations scoutes-guides du Luxembourg
- Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer, coopérative agricole
- Union Grand-Duc Adolphe, Fédération nationale du mouvement associatif de la musique chorale et instrumentale, du folklore et du théâtre du grand-duché de Luxembourg, asbl
[änneren] Agence du bénévolat
De Veräin «Association du bénévolat asbl» huet sech dunn 2003 eng operationell Struktur ginn, d'«Agence du bénévolat», déi folgend Haaptaufgaben huet:
- Empfank, Informatioun an Orientéierung vu Benevolen onofhängeg vun Alter a Nationalitéit;
- Vermëttler tëschent Benevolen a Veräiner;
- Ubidde vu Formatiounen fir d'Éierenamt ze fërderen;
- Ëffentlechkeetsaarbecht leeschten, fir d'Rahmebedingunge vum Éierenamt ze verbesseren.
[änneren] Literatur
- Dossier Ehrenamtliches Engagement / Bénévolat. Forum für Politk, Gesellschaft und Kultur 270: 27-44. 2007.
- Lejealle B 2002. Le travail bénévole au Luxembourg. Population et emploi n°2. CEPS/Instead.
- Reger-Beau Nicole 2007. Ensemble, on atteint ses objectifs. Dossier Ehrenamtliches Engagement / Bénévolat. Forum für Politk, Gesellschaft und Kultur 270: 34-37.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Referenzen
- ↑ Benevolat kënnt aus dem Latäin a bedeit "deen et gutt mengt" oder "deen et am Gudde wëllt".
- ↑ Cf. Reger-Beau 2007 an der Literatur.
- ↑ Folgend Persounen hunn aktiv un der Redaktioun vum Leader-Handbuch matgeschafft:
* Leader-Büro Munzen: Patrice Denis, Christian Kayser, Petra Kneesch a Christian Ries.
* Leader-Büro Eschduerf: Fons Jacques an Antoinette Lorang. - ↑ Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C 1590: 76282-76284, 6.11.2002.

