Wikipedia

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Wikipedia ass eng fräi multilingual Enzyklopedie, déi vu Fräiwëllege geschriwwe gëtt an um Wikikonzept baséiert. Den 20. September 2004 goufen et méi wéi 1.000.000 Säiten a bal 200 verschiddene Sproochen. E wéineg méi wéi ee Joer drop, ufanks November 2005, waren et scho méi wéi 3,7 Milliounen Artikelen a méi wéi 200 Sproochen. Déi lëtzebuergesch Versioun fannt der ënnert http://lb.wikipedia.org.

Inhaltsverzeechnes

Bedeitung vum Numm [änneren]

Wikipedia besteet aus :

  • Wiki, wat vu wiki wiki kennt a séier op hawaianesch heescht,
  • pedia, aus dem griichesche paideia, wat souvill bedeit wéi Educatioun.

Urspronk vum Projet [änneren]

Genee wéi Nupedia gëtt Wikipedia vun der Free Software Foundation vum Richard Stallman ënnerstëtzt. De Stallman ass eng vun de Persounen, déi als éischt d'Iddi vun enger fräier universeller Enzyklopedie vertrueden hunn (liest dozou och "The Free Universal Encyclopedia and Learning Resource").

Haaptcharakteristiken [änneren]

De Wikipediaprojet huet dräi Haaptcharakteristiken, déi en am World Wide Web definéieren an eenzegaarteg maachen:

  • De Projet ass ausserdeem e Wiki. E Wiki erlaabt d'Kreatioun an d'Modifikatioun vun all Säit vu jidderengem. Wikipedia ass déi éischt generell Enzyklopedie, déi ënnert dësem Format gegrënnt gouf.
  • Wikipedia ass fräi, ënnert der Lizenz GNU-FDL. D'fräi Texter ginn dem "grand public" vum Proprietaire vun der Lizenz offréiert, an erlabe jidderengem den Text emzeänneren a weiderzeverbreeden. All User kann de Contenu vu Wikipedia, souguer zu kommerziellen Zwecker, notzen, wann ee Wikipedia als seng Quell ugëtt an d'GNU Lizenz respektéiert.

D'Mataarbechter vu Wikipedia schaffen zesumme Regelen a Recommandatioune aus, fir datt de Projet gutt leeft.

Geschichtleches [änneren]

De Projet gouf vum Jimmy Wales an dem Larry Sanger den 10. Januar 2001 gegrënnt. Et war am Ufank just en Deel vun Nupedia a sollt dozou déngen, d'Nupedia mat Contenu vu baussen ze fidderen. Well d'Kommautéit vun Nupedia awer staark Oppositioun géint deen oppene Projet gemaach huet, ass e schonn no e puer Deeg, de 15. Januar 2001, ënnert dem Numm Wikipedia op eng eegen Internetsäit geplënnert. De Larry Sanger huet dat éischt Joer déi englesch Versioun geleet.

E puer Méint drop sinn dunn déi éischt Wikipediaen an aner Sproochen entstanen. Den Ufank huet de 16. Mäerz 2001 déi katalanesch Wikipedia gemaach.

Aner Projeten am Zesummenhank mat Wikipedia:

Den 20. Juni 2003 gouf d'Fondatioun Wikimedia (http://wikimediafoundation.org) gegrënnt, fir déi verschidde Projete vu Wikipedia ze geréieren an ze finanzéieren.

Eng Pabeier/CD-ROM Versioun gouf am August 2003 vum Jimbo Wales proposéiert. Liest heizou w:User:Jimbo Wales/Pushing To 1.0.

Den 21. Juli 2004 ass déi lëtzebuergesch Versioun vun der Wikipedia aus der Daf gehuewe ginn.

Mataarbechter [änneren]

U Wikipedia schaffen dagdeeglech eng grouss Zuel vu Mataarbechter, Wikipedianer genannt.

Et gëtt eigentlech kee richtege "Chef" vu Wikipedia. Während 13 Méint gouf de Larry Sanger vu Bomis, der Firma vum Jimbo Wales, als Chefredakter vun der englescher Wikipedia bezuelt. Am Februar 2002 huet hien demissionéiert. Aktuell a fréier Mataarbechter vu Bomis schaffen um Projet mat, sou z. B. den Tim Shell fir d'Enzyklopedie oder den Jason Richey an den Toan Vo als Developpeuren.

Technesch Aspekter [änneren]

Wikipedia a seng Parallel-Projete si fräi WikiWikiWebs. D'Wikien sinn dynamesch Websäiten, wou all Visiteur d'Säit déi e grad liest modifizéiere kann. De WikiWiki ass nach méi einfach wéi HTML.

Op Wikipedia kann all Mënsch säi Pefferkär zu engem Artikel bäidroen, Feeler verbesseren an zesumme mat aneren u kniwwelegen Theme schaffen. De kompletten Historique vun de Kontributioune bleift ëmmer gespäichert.

Wikipedia funktionéiert mam fräie Logiciel MediaWiki.

Déi verschidde Wikipediaen [änneren]

Am August 2010 gëtt et d'Wikipedia an 272 Sproochen. 192 dovunner hu méi wéi 1.000 Artikelen an 32 hunn der méi wéi 100.000 Artikelen. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn déi engleschsproocheg (3.366.789), déi däitsch (1.100.864), déi franséisch (975.941), déi polnesch (718.012) an déi italienesch (711.238) (Stand 1. August 2010). Kuckt heizou och déi komplett Lëscht vu Wikipediaen.

D'Datebank eroflueden [änneren]

All d'Datebanke kënnen hei erofgeluede ginn: http://download.wikipedia.org

Um Spaweck [änneren]

Commons: Wikipedia – Biller, Videoen oder Audiodateien