Creative Commons

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


CreativeCommond logo trademark.svg

Creative Commons (de: „schöpferisches Gemeingut, Allmende“) ass eng Gesellschaft, déi am Internet verschidde Standardlizenzkontrakter verëffentlecht, fir mat Hëllef vun hiren Auteuren an hire Wierker, wéi z. B. Texter, Biller, Musek ... asw., der Ëffentlechkeet d'Rechter fir se ze benotze kënne ze ginn.

Rechtermoduler[änneren | Quelltext änneren]

Aktuell (Versioun 3.0) gëtt et 6 Lizenzméiglechkeeten, déi ee sech mat de Rechtermoduler selwer zesummebastele kann. Zënter der Versioun 2.0 gëtt d'Méiglechkeet "Domaine public" net méi ugebueden, sou datt d'Basisversioun "CC BY" ass, a jee no Bedarf weider Moduler derbäigesat gi fir sech eng Lizenz nom perséinleche Bedarf op d'Mooss zesummenzesetzen.

Ikon Ofkierzung Numm vum Modul Kuerzerklärung
Cc-by new.svg by Nummnennung (Englesch: Attribution) Den Numm vum Auteur muss genannt ginn.
Cc-nc.svg nc Net kommerziell (Non-Commercial) D'Wierk däerf net fir kommerziell Zwecker gebraucht ginn, woumat no EU-Recht och de Verkaf dee grad emol käschtendeckend ass verbuede gëtt.
Cc-nd.svg nd Keng Beaarbechtung (No Derivatives) D'Wierk däerf net verännert ginn.
Cc-sa.svg sa Weidergab ënner de selwechte Bedingungen (Share Alike) D'Wierk muss no Verännerungen ënner derselwechter Lizenz weidergi ginn.

Beispill: D'Texter vun der Wikipedia sinn ënner der CC BY-SA Lizenz verëffentlecht. Dat heescht also, datt bei d'Basisversioun CC BY nach de Modul SA koum, an d'Texter vu jiddwerengem gebraucht a reproduzéiert gi kënnen, och a verännerter Form, ënner de Konditiounen (1) datt d'Auteuren déi zum Artikel bäigedroen hu genannt ginn (ze gesinn ënner dem Reider "Versioune weisen"), an (2) datt d'Lizenz déiselwecht bleiwe muss an och mat "CC-by-sa/3.0" ugi gëtt. Fir e Wikipedia-Artikel richteg ze zitéiere klappt een am beschte lénks d'Geschirkëscht op a klickt do op "Dës Säit zitéieren".

Projet cc-lu[änneren | Quelltext änneren]

D'Adaptatioun vun der Creative Commons Lizenz un d'lëtzebuergesch Jurisdictioun ass vun der Luxcommons a.s.b.l. de 15. Oktober 2007 lancéiert ginn [1]. Apaart um Projet ass datt déi lëtzebuergesch Lizenz direkt an der Versioun 3.0 erauskoum.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Source: Luxcommons CC-lu Launch Event 15.10.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Creative Commons – Biller, Videoen oder Audiodateien