Schweedesch

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schweedesch
svenska
Gëtt geschwat an: Schweden, Finnland
Regioun: Nordeuropa
Gëtt geschwat vun: 10 Millioune
Mammesproochler
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Indoeuropäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Schweden, Finnland, Åland, EU
Reglementéiert vun: Schweedescht Sproochegesetz
Sproochcoden
ISO 639-1 sv
ISO 639-2 swe
ISO 639-3 swe

Schweedesch (sv: svenska) gehéiert zum nordgermaneschen Ënneraascht vun den indoeuropäesche Sproochen. D'Sprooch gläicht deenen anere skandinavesche Sproochen.

D'schweedesch Sprooch gëtt vu ronn 10 Milliounen Awunner als Mammesprooch geschwat. Ausser a Schweden selwer ass dat de Fall am südwestleche Wupp vu Finnland, an op Åland.

Et ass zanter 2009 d'offiziell Sprooch a Schweden an a Finnland, an et ass och d'Aarbechts- a Korrespondenzsprooch am Nordesche Rot. Bis 2009 hat Schweden nach keng offiziell Sprooch. Schweedesch war de facto déi Sprooch, déi historesch do entstanen a gewuess ass an am Alldag och als dominant Landessprooch fungéiert huet. Zanter dem 1. Juli 2009 ass de jure festgeluecht ginn, datt Schweedesch déi offiziell Sprooch vu Schweden ass.

D'Sproochkaart vun der Sprooch

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schweedesch Sprooch – Biller, Videoen oder Audiodateien