Åland

Vu Wikipedia


Åland
Ålandinselen

Fändel vun Åland

Wope vun Åland

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Schweedesch
Haaptstad: Mariehamn
 • Koordinaten: 60° 06’ 5.4’’ N
      19° 56’ 29.8’’ O
Staatsform: autonom Regioun vu Finnland
Fläch: 1.582,93 km²
Bevëlkerung: 30.144
Nationalhymn: Ålänningens sång
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .ax
Internationalen
Telefonsprefix
:
+358-18
d'Gemengen op den Ålandinselen; d'Inselgrupp besteet aus 6757 Inselen, vun deenen der 60 bewunnt sinn.

Åland, och nach Ålandinselen (ˈoːland; och Landskapet Åland, finnesch Ahvenanmaa, och Ahvenanmaan maakunta) ass eng finnesch Regioun mat enger gréisstendeels politescher Autonomie. Se besteet aus enger Inselgrupp mam selwechten Numm, déi am nërdleche Baltesche Mier, am Agang vum Bottnesche Golf, tëscht Schweden a Finnland läit.

Opgrond vun enger Entscheedung vum Vëlkerbond vun 1921 gehéiert d'Regioun als entmilitariséiert Zon zu Finnland, déi hir bannenzeg Affären awer gréisstendeels autonom verwalt. Schweedesch ass déi eenzeg offiziell Sprooch.

Verschidde politesch a wirtschaftlech Rechter sinn och fir finnesch Staatsbierger nëmme limitéiert disponibel.

D'Ekonomie vun den Insele gëtt vum Tourismus a Schëffsverkéier bestëmmt. Fir de Schëffstrafick gëlle steierlech Virdeeler, well een am Verkéier mat Åland steierfräi akafe kann.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Åland – Biller, Videoen oder Audiodateien