Nordesche Rot

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nordesche Rot.png

De Nordesche Rot an de Nordesche Ministerrot sinn international Organer mat dem zentralen Uleies d'Kooperatioun tëscht de Nordesche Länner ze verbesseren. Béid Institutioune fungéieren éischter als Kommunikatiouns- an Koordinatiounsforen ewéi als supranational Organisatiounen. Gemenkerhand ginn den 1952 gegrënnte Nordesche Rot an den nodréiglech 1971 etabléierten Nordesche Ministerrot ënnert dem Begrëff "Norden" zesummegefaasst.

De Rot konzentréiert sech op d'interparlementaire Zesummenaarbecht an deems de Ministerrot fir d'Koordinatioun um Niveau vun de Regierunge responsabel ass. Béid Institutiounen hunn hiert Sekretariat zu Kopenhagen. Sëtzunge sinn normalerweis just eemol d'Joer.

[änneren]

De Logotype vum Nordesche Rot gouf 1985 adoptéiert. De Schwan huet aacht Plommen a symboliséiert déi aacht Memberen.

Memberen [änneren]

Nieft deene fënnef nordesche Staaten hunn déi dräi autonom Territoirë vun de Färöer Inselen, Grönland (béid Dänemark) an Åland (Finnland) separat Sëtzer an de Réit.

Sëtzverdeelung:

Um Spaweck [änneren]

Commons: Nordic Council – Biller, Videoen oder Audiodateien