Maria Teresa Mestre
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Maria Teresa Mestre gebuer den 22. Mäerz 1956 zu Marianao an der Stad a Provënz Havanna op Kuba, ass d'Fra vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg an huet den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg".
Si ass d'Duechter vum José Antonio Mestre (* 1926) an der Maria Teresa Batista-Falla de Mestre (1928-1988). Si huet mat hiren Eltere no der Kubanescher Revolutioun am Oktober 1959 d'Land verlooss a si sinn op New York geplënnert. E puer Joer duerno si se op Genf geplënnert, wou d'Maria Teresa 1975 hiert Abitur gemaach huet, an 1980 e Studium a Politikwëssenschaft afgeschloss huet.
Hir Mammesprooch ass Spuenesch, si schwätz nach Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch an Italienesch.
Hire Mann, den Henri vu Lëtzebuerg, deen deemools Ierfgroussherzog war, huet si an der Zäit vun hirem Studium zu Genf kennegeléiert.
D'Koppel gouf de 14. Februar 1981 bestuet a si hu fënnef Kanner.
Zënter dem 7. Oktober 2000, dem Dag op deem den Henri vu Lëtzebuerg zum Groussherzog vereedegt gouf, dréit si den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg".
Inhaltsverzeechnes |
Kanner [änneren]
- Guillaume Jean Joseph Marie (* 11. November 1981), deen Ierfgroussherzog ass.
- Félix Léopold Marie Guillaume (* 3. Juni 1984)
- Louis Xavier Marie Guillaume (* 3. August 1986)
- Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine (* 16. Februar 1991)
- Sébastien Henri Marie Guillaume (* 16. Abrëll 1992)
Kandskanner [änneren]
- Gabriel (* 12. Mäerz 2006), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy
- Noah (* 21. September 2007), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy
Éierefonctiounen [änneren]
- Zënter 1997 ass d'Maria Teresa UNESCO-Botschafterin vum gudde Wëllen.
- Zënter Ufank 2005 ass si Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Maria Teresa Mestre – Biller, Videoen oder Audiodateien |