Charles Crocius

Vu Wikipedia
Charles Crocius
Gebuer 16. Mäerz 1843
Gestuerwen 18. Mee 1917
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Nottär

De Charles Ferdinand Gustave Crocius, gebuer de 16. Mäerz 1843 zu Réimech[1] a gestuerwen den 18. Mee 1917 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.[2]

De Charles Crocius, deen do virdru Greffier beim Friddensgeriicht vu Réimech war[3], huet am Februar 1878 eng Etude als Nottär an der Arsenalstrooss an der Stad Lëtzebuerg opgemaach[4], déi hien do bis zu sengem Doud weidergeféiert huet[5].

Bei de Wale vum 10. Juni 1884 gouf de Charles Crocius mat 346 Stëmmen als Vertrieder vum Kanton Lëtzebuerg-Land als Deputéierten an d'Chamber gewielt.[6] Hie blouf Deputéierte vun 1884 u bis 1908.[7]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Charles Crocius op www.deltgen.com
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Charles Crocius am Luxemburger Wort vum 19. Mee 1917
  3. Luxemburger Wort 1877-07-11, S. 3, Nr. 163 (Congrès international des Américanistes) [1]
  4. Luxemburger Wort 1878-02-01, S. 4, Nr. 29 (Annonce).
  5. Luxemburger Wort 1917-06-23, S. 6, Nr.174/175 (Versteigerung)
  6. Resultat der Walen vom 10. Juni. am Luxemburger Wort vum 11. Juni 1884
  7. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 512.
  8. Memorial N°65 vun 1906 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen

n]]