Walter Sydney Adams

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Walter Sydney Adams, gebuer den 20. Dezember 1876 zu Antakya an der Tierkei, a gestuerwen den 11. Mee 1956 zu Pasadena, war en US-amerikaneschen Astronom. Hie war vun 1923 bis 1946 Direkter vum Mount-Wilson-Observatoire a Kalifornien.

Den Adams gouf vun enger Mataarbechterin vun der Missioun vu Antiochia, Syrien gebuer an 1885 an d'USA bruecht. Seng Studien mécht hien um Dartmouth College, wou hien am Joer 1898 ofgeschloss huet. Duerno studéiert hien an Däitschland weider. Spéider gouf hie Direkter vum Mount-Wilson-Observatoire.

Hie krut ettlech Auszeechnungen:

Zesumme mat dem Arnold Kohlschütter huet den Adams en Zesummenhank vun der relativer Intensitéit vu bestëmmte Spektrallinne mat der Liichtkraaft vum Stär fonnt. Hien huet domat d'Méiglechkeet vun der spektroskopescher Distanzbestëmmung vu Stären (spektroskopesch Parallax) gegrënnt. Mat dëser Method huet hien d'Distanz vun honnerte vu Stäre vun der Haaptrei, a vu Risestäre gemooss. Hien entdeckt mat dem Stär Sirius B den éischte bekannte Wäissen Zwerg. Seng Miessunge vu senger gravitativer Routverrécklung war e weidere Beleeg vun der Allgemenger Relativitéitstheorie. Weider gouf den Adams duerch spektroskopesch Studië vu Sonneflecken an der Sonnerotatioun bekannt.

No him gouf e Krater um Mars an den Asteroid (3145) Walter Adams genannt.

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen