Frank Feitler
De Frank Feitler, gebuer den 9. Mee 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Theater- a Filmregisseur, Dramaturg an Dréibuchauteur.
Seng Jugend huet hien zu Esch-Uelzecht verbruecht. No senge Studien a Philosophie an däitscher Literatur op der Uni zu Heidelberg, war hie vun 1974 bis 1984, Philosophie an Däitschproff am Lycée classique d'Echternach. An där Zäit huet hien och do den Theatergrupp geleet an huet seng éischt Schrëtt als Dramaturg mat dem Frank Hoffmann, am Kasemattentheater gemaach.
No 4 Joer huet hien den Enseignement opginn, a gouf dramaturgesche Beroder am Baseler Theater bis 1988. Duerno ass hien ee Joer op Hamburg an d'Deutsches Schauspielhaus gewiesselt. 1990 koum hien zréck op Lëtzebuerg an huet sech mat der Filmbranche ofginn. Sou huet hien d'Dréibicher vun Schacko Klak, Three Shake-a-leg Steps to Heaven , Black Dju a Boys of the run matgeschriwwen.
Nom stënterlechen Doud vum Jeannot Comes Enn 2000, gouf hien 2001 Direkter vum Grand théâtre de la ville de Luxembourg.