Tschechoslowakei

Vu Wikipedia
Lag an Europa.

D'Tschechoslowakei (tschechesch: Československo, Slowakesch: Česko-Slovensko) war e Land a Mëtteleuropa, dat tëscht dem 28. Oktober 1918 an dem 31. Dezember 1992 bestanen huet.

Si bestoung aus de Landesdeeler Béimen, Mieren, Schlesien, der Slowakei an, bis 1946/48, der Karpatenukrain. Si ass 1918 entstanen, wéi Éisträich-Ungarn auserneegebrach ass, an huet sech opgeléist, wéi d'Tschechesch Republik an d'Slowakei den 1. Januar 1993 eegestänneg Staate goufen.

Vun 1939 bis 1945 war et vun Nazi-Däitschland annektéiert ginn. Offiziell housch et am Ufank Tschechoslowakesch Republik (Československá republika), dunn, nodeems dem Münchener Ofkommes no, Deeler un Däitschland, resp. Ungarn hu missen ofgetruede ginn, vun 1938 bis 1939 Tschecho-Slowakesch Republik (Č-SR).

1945 gouf deen ursprénglechen Numm nees agefouert, ier en 1960 an Tschechoslowakesch Sozialistesch Republik (Československá socialistická republika, kuerz: ČSSR) ëmbenannt gouf, a vun 1990 bis 1992 housch et Tschechesch a Slowakesch Federativ Republik (tsch. Československá federativní republika respektiv sl. Česko-Slovenská federatívna republika, kuerz: ČSFR).

Vun de spéiden 1940er Jore bis 1989 war d'Tschechoslowakei en no sowjeteschem Virbild an ënner sowjetescher Kontroll gefouerte Staat, wou d'Kommunistesch Partei als Eenzeg d'Soen hat. Militäresch huet se zum Ostblock, ekonomesch zum Comecon gehéiert. 1968 koum et zum sougenannte Prager Fréijoer, wéi d'Regierung sech vu Moskau emanzipéieren an e manner autoritäre Regimm aféiere wollt. Déi Bestriewunge goufen awer den 20. August duerch eng militäresch Interventioun vun den anere Warschauer Pakt-Staaten ermëlzt, an et huet weider 21 Joer gedauert, bis d'Vollek duerch déi sougenannte Samette Revolutioun de Regimm zum Récktrëtt gezwongen huet an et zu engem pluralisteschen an demokratesche System koum.

Symboler[änneren | Quelltext änneren]

Fändel[änneren | Quelltext änneren]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tschechoslowakei – Biller, Videoen oder Audiodateien