Carl von Ossietzky

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Carl von Ossietzky am KZ
Monument zu Berlin fir de Carl von Ossietzky

De Carl von Ossietzky, gebuer den 3. Oktober 1889 zu Hamburg a gestuerwen de 4. Mee 1938 zu Berlin, war en däitsche Publizist a Friddensnobelpräisdréier|.

Inhaltsverzeechnes

Mat 24 Joer gouf hie Journalist an huet missen um Éischte Weltkrich deelhuelen. Doduerch gouf hien zu engem radikale Pazifist a war 1919-1920 Sekretär vun der Deutschen Friedensgesellschaft an och Member vun der Beweegung Nie wieder Krieg.

Hien huet fir verschidde lenksliberal Zeitunge geschafft a huet vun 1927 d'Weltbühne, déi der SPD nostong, geleet an do besonnesch virum Faschismus gewarnt.

Als ee vun de Verantwortleche vun engem Artikel deen déi geheim Oprüstung vun der Reichswehr publik gemaach a veruerteelt hat, gouf de Carl von Ossietzky 1931 wéinst Landesverrot verhaft an e Joer méi spéit nees fräigelooss.

No dem Brand vum Reichstag 1933 gouf hien vun der Gestapo festgeholl an a Konzentratiounslagere schwéier mësshandelt. Dem Hermann Göring seng Propos fir hien ze begnodegen, wann hie géif widderruffen, huet de Carl von Ossietzky ofgelehnt.

Kuerz vrun den Olympesche Summerspiller 1936 gëtt hie schwéierkrank aus dem KZ an e Spidol entloos. Hie stieft 1938, nach ëmmer ënner Polizeibewachung, un de Suite vun den Entbierungen a Misshandlungen déi hien an der Gefaangeschaft erlidden hat.

De Friddensnobelpräis 1935 gouf him eréischt nodréiglech den 23. November 1936 zougesprach[1]. Dorophin huet den Adolf Hitler allen Däitsche verbueden en Nobelpräis unzehuelen.


[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Carl von Ossietzky – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen