Edwin Hubble

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Edwin Powell Hubble gebuer den 20. November 1889 zu Marshfield, Missouri, a gestuerwen den 28. September 1953 zu San Marino, Kalifornien, war en amerikaneschen Astronom.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Liewen a Wierk

Den Hubble huet Physik an Astronomie zu Chicago , a Rechtswëssenschaften zu Oxford studéiert.

Nodeems hie schonn 1912 als Student um Flagstaff-Observatoire éischt Experienze mat der Relativvitesse vun zwee Stäresystemer gemaach hat, konnt hien 1923 am Mount-Wilson-Observatoire noweisen, datt den Andromedaniwwel M31 wäit baussenzeg vun eiser Mëllechstrooss läit. D'Resultater vu sengen Observatiounen a Berechnungen, Cepheids in Spiral Nebulae, leet hien zum Joresenn 1924/25 der Joressëtzung vun der US-amerikanescher Astronomevereenegung AAS vir, wou si den 1. Januar 1925 publik gemaach ginn.

Opgrond vun der raimlecher Verdeelung vun anere Galaxien, souwéi vun hiren, am Spektrum nowäisbare Routverrécklungen, ergëtt sech dem Hubble säi bekannteste Bäitrag zu der Astronomie: D'Entdeckung vun der Weltall-Expansioun.

Den Hubble entdeckt, datt d'Spektre vu verschiddene Galaxien net zu gläichen Deeler an dat Rout oder an dat Blot verréckelt sinn, awer, datt et vill méi routverréckelt Spektren gëtt. Aus dem Dopplereffekt léisst sech dofir ofleeden, datt sech bal all observéiert Galaxië vun eis distanzéieren. Domat net genuch, den Hubble entdeckt och en direkte proportionellen Zesummenhank tëschent der Routverrécklung an der Distanz vun der observéierter Galaxis, wat bedeit, datt sech eng Galaxis, wat se méi wäit vun ons ewech ass, si sech méi séier vun eis fortbewegt. Aus dësen Observatioune leet hien d'Expansioun vum Universum of, déi spéider mat dem Urknallmodell erkläert konnt ginn.

D'Gréisst, déi déi Expansioun beschreift, gëtt him zu Éieren Hubble-Konstant genannt. Si bedréit no aktuelle Miessunge vum WMAP am Joer 2003 71±4 km/s pro Megaparsec (1 Mpc ~ 3 Millioune Liichtjoer).

Den Hubble hat och d'Hubble-Sequenz, e morphologescht Uerdnungsschema fir Galaxien entwéckelt.


Hubble-Weltraumteleskop

[änneren] Éierungen

[änneren] Literatur

  • Alexander S. Sharov, Igor D. Novikov: Edwin Hubble. Der Mann, der den Urknall entdeckte. Basel, 1994, ISBN 3-7643-5008-3

[änneren] Um Spaweck


Commons: Edwin Hubble – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen