(1) Ceres
|
|
|
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 2,6467 A.E. |
| Perihel – Aphel | 2,546 – 2,987 AE |
| Exzentrizitéit | 0,0796 |
| Inklinatioun | 10,59 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 4,602 Joer |
| Mëttel Bunnvitesse | 17,909 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 975 km |
| Mass | 9,35 kg |
| Albedo | 0,09 |
| Mëttel Dicht | 2,077 g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 9 h 44 min 0 s |
| Absolut Hellegkeet | 6,7 mag. |
| Spektralklass | |
| Entdecker Giuseppe Piazzi | |
| Entdeckungsdatum | 1. Januar1801 |
| Aner Bezeechnungen | |
Den Asteroid Ceres oder, an der Nomenklatur fir Asteroiden, (1) Ceres ass en Zwergplanéit a mat engem Equatorduerchmiesser vun 975 km de gréissten Objet an der Haaptasteroidenceinture. Den Ceres gouf den 1. Januar 1801 vum Giuseppe Piazzi als éischte Klengplanéit entdeckt, a gouf laang als Asteroid gefouert. Zënter 2006 gehéiert den Ceres zu der Grupp vun den Zwergplanéiten. Hien ass no der réimescher Baueregëttin Ceres benannt. D'astronomescht Symbol ass eng stiliséiert Séchel:
.
Inhaltsverzeechnes |
Entdeckung [änneren]
Schonns de Johannes Kepler huet gemengt, datt tëschent den Ëmlafbunne vu Mars a Jupiter nach ee Planéit wier. D'Entdeckung vun der Titius-Bode-Rei ëm 1770 huet déi Theorie verstäerkt. Astronome ronderëm d'Welt hu vun 1800 un no dësem Planéit gesicht.
Nodeems den Entdecker Piazzi den neien Himmelskierper wéinst enger Krankheet aus den Ae verluer hat, ass et dem Carl Friedrich Gauß mat Hëllef vun enger neientwéckelter Method fir d'Bunnbestëmmung, gelongen, eng nei Positioun vum Zwergplanéit ze bestëmmen. Soumat konnt den Ceres de 7. Dezember 1801 vum Zach zréckfonnt ginn.[1]. Wéi sech erausgestallt huet, beweegt sech den Ceres tatsächlech tëschent Mars a Jupiter, genee an deem vum Titius-Bode-Rei virausgesotem Ofstand, ëm d'Sonn. Den Ceres gouf dofir, wéi deen 1781 entdeckten Uranus, fir ee Planéit gehalen, woumat sech d'Zuel vun de Planéiten am Sonnesystem op aacht vergréissert hat. Eréischt wéi d'Zuel vun den Himmelskierper tëschent Mars a Jupiter ëm 1850 geklommen ass, huet sech fir déi Objeten d'Bezeechnung „Klengplanéiten“, „Planetoiden“ oder „Asteroiden“ duerchgesat. Domadden huet och den Ceres säi Status als Planéit verluer. Eng Neifassung vum Planéitebegrëff duerch d'IAU, déi op Grond vu weideren Himmelskierperentdeckungen an der Gréissteklass vum Pluto néideg waren, gouf den Ceres, zesumme mam Pluto, Eris, Makemake an Haumea elo als Zwergplanéit klassifizéiert.[2][3] Am Joer 1803, also zwee Joer no der Entdeckung vum Ceres, gouf dat chemescht Element Cer entdeckt an no dësem Asteroid benannt.
Ëmlafbunn [änneren]
Den Ceres beweegt sech op enger Ellips an der Mëtt vun der Asteroidenceinture, an engem mëttlerem Ofstand vun 2,77 AE, a 1682 Deeg ëm d'Sonn. D'Periheldistanz ass 2,54 AE, d'Apheldistanz huet 2,99 AE. D'Ëmlafbunn läit 10,6° schréi zu der Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,080.
D'synodesch Period vum Ceres läit bei 467 Deeg. Bei der Oppositioun ass si tëschent 1,59 AE an 2,00 AE vun der Äerd ewech, an erreecht eng visuell Magnitude vu bis zu 6,7 mag. Den Ceres kann dofir schonns mat engem klengen Teleskop fonnt ginn.
Gréisst a Mass [änneren]
Den Ceres ass dee gréissten a masseräichste Kierper vun der Asteroidenceinture am bannenzege Sonnesystem. Fir d'Mass gëtt e Wäert vun 9,35 × 1020 kg, dat entsprécht dem 6390-ten Deel vun der Äerdmass, uginn. Den Ceres huet domat ongeféier déi 2,8-fach Mass vum schwéiersten Asteroid, (2) Pallas, dat mécht ronn 30% vun der totaler Mass vun der Asteroidenceinture aus.
Observatioune mat dem Weltraumteleskop Hubble hu gewisen, datt den Ceres ee liicht ofgeplatte Rotatiounsellipsoid ass, mat engem Equatorduerchmiesser vun 975 (±3) km an engem Polarduerchmiesser vun 909 (±3) km.[4] D'Rotatiounsperiod dauert 9,075 Stonnen, déi mëttelst Dicht gëtt mat 2,077 ± 0,036 g/cm3 uginn.
Uewerfläch [änneren]
Den Ceres huet eng donkel kuelestoffräich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,09. Speziell oder isoléiert Uewerflächenännnerunge goufen eréischt am Joer 2001 no Observatioune mam Hubble Space Telescope festgestallt: Et weist sech en donklen Fleck mat engem Duerchmiesser vu ronn 250 km, deen zu Éieren vu sengem Ceres-Entdecker „Piazzi“ genannt gouf.[5] Weider Observatioune mam Hubble an de Joren 2003 an 2004 hunn et erméiglecht eng Kaart ze maachen, déi niewent dem „Piazzi“ an engem opfällegen, helle Fleck mat ronn 400 km Duerchmiesser vill kleng Eenzelheeten weist, deenen hiren Urspronk nach net bekannt ass.[6]
Zesummesetzung [änneren]
D'Miessunge vum Weltraumteleskop Hubble loossen och Réckschlëss op d'Zesummesetzung vum Ceres zou: Et geet een dovunner aus, datt et sech ëm en differenzéierten Zwergplanéit mat engem stengege Kär souwéi engem Mantel an enger Kuuscht aus liichte Mineralien a Waasseräis handelt. D'Differenzéierung geet méiglecherweis op déi beim radioaktiven Zerfall vum Aluminium-Isotop 26Al fräigesaten Hëtzt zréck, wouduerch sech schonns an der Fréizäit vum Sonnesystem ee Mantel aus flëssegem Waasser gebilt huet. Déi baussenzeg 10 Kilometer sinn net geschmolt, mä hunn eng fest Kuuscht aus Äis gemaach, während sech schwéier Material (Silikate, Metaller) am Kär sammelten. Zesummen dierft den Ceres zu 17 bis 27 Gewiichtsprozent aus Waasser bestoen.[7] D'Séisswaasserquantitéit um Ceres gëtt op ongeféier dat 5facht vu Séisswaasserreserven déi op eiser Äerd sinn, geschat.
Aspekt [änneren]
An dëser Tabell ass d'Observatiounsméiglechkeet vum Ceres bis an d'Joer 2017 uginn. Déi visuell Magnitude an d'Distanz zu eiser Äerd bezéie sech dobäi op den Zäitpunkt von der Oppositioun, wann den Zwergplanéit der Äerd am noosten ass an domat och am hellste Liicht.
| Oppositioun | Stationär, da rietsleefeg | Konjunktioun zu der Sonn | Stationär, dann réckleefeg | ||
|---|---|---|---|---|---|
| Datum | Distanz | Hellegkeet | |||
| 9. November 2007 | 1,837 AE | 7,2 mag | 1. Januar 2008 | 28. Juni 2008 | 17. Januar 2009 |
| 24. Februar 2009 | 1,585 AE | 6,9 mag | 16. Abrëll 2009 | 31. Oktober 2009 | 28. Abrëll 2010 |
| 18. Juni 2010 | 1,820 AE | 7,0 mag | 9. August 2010 | 30. Januar 2011 | 31. Juli 2011 |
| 16. September 2011 | 1,992 AE | 7,7 mag | 12. November 2011 | 26. Abrëll 2012 | 30. Oktober 2012 |
| 17. Dezember 2012 | 1,688 AE | 6,7 mag | 4. Februar 2013 | 17. August 2013 | 1. Mäerz 2014 |
| 15. Abrëll 2014 | 1,633 AE | 7,0 mag | 7. Juni 2014 | 10. Dezember 2014 | 6. Juni 2015 |
| 25. Juli 2015 | 1,943 AE | 7,5 mag | 16. September 2015 | 3. Mäerz 2016 | 1. September 2016 |
| 20. Oktober 2016 | 1,908 AE | 7,4 mag | 15. Dezember 2016 | 5. Juni 2017 | 21. Dezember 2017 |
Zukunft [änneren]
D'Raumsond Dawn soll am August 2015 de Ceres erreechen, an eng Ëmlafbunn aschwenken an den Zwergplanéit dann e puer Méint laang erfuerschen. Et erwart een sech vun dëser Missioun weider Informatiounen iwwer den Opbau an d'Entwécklung vum Ceres. Der Satellit Dawn erfuerscht virun dem Ceres och nach den Asteroiden Vestal.
Literatur [änneren]
- Thorsten Dambeck: Vagabunden im Sonnensystem. Bild der Wissenschaft, Mäerz 2008, Säit 56 - 61
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Ceres – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Informatiounen zum Opbau (2005)
- (en)Hubble-Observatiounen (2001)
- (en) Nei Hubble-Observatiounen (2003/04)
- (en)Bahndaten von Ceres
Referenzen [änneren]
- ↑ P. Brosche: Die Wiederauffindung der Ceres im Jahre 1801, in Acta Historica Astronomiae, Vol. 14, Seiten 80–88 (2002) [1]
- ↑ IAU: IAU 2006 General Assembly: Result of the IAU Resolution votes
- ↑ IAU de véierten Zwergplanéit heescht Makemake
- ↑ J. W. Parker, P. C. Thomas, E. F. Young, M. R. Sykes, L. A. McFadden, C. T. Russell, S. A. Stern: Ceres Observations with HST: First Results in American Astronomical Society, DPS meeting #36, #28.01 (11/2004) [2]
- ↑ J. W. Parker, S. A. Stern, P. C. Thomas, M. C. Festou, W. J. Merline, E. F. Young, R. P. Binzel, L. A. Lebofsky: Analysis of the First Disk-resolved Images of Ceres from Ultraviolet Observations with the Hubble Space Telescope in The Astronomical Journal, Vol. 123, Issue 1, Seiten 549–557 (01/2002)
- ↑ J.-Y. Li, L. A. McFadden, J. W. Parker, E. F. Young, P. C. Thomas, C. T. Russell, S. A. Stern, M. V. Sykes: HST Photometry and Surface Mapping of Asteroid 1 Ceres in 36th Annual Lunar and Planetary Science Conference, Abstract No.1345 (03/2005) [3]
- ↑ T. B. McCord, C. Sotin: Ceres: Evolution and current state in Journal of Geophysical Research, Vol. 110, Issue E5 (5/2005)