(2) Pallas

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
(2) Pallas
Hubble-Foto vum Pallas. 2007 ausenger Distanz vun 2,25 AE
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 2,772 A.E.
PerihelAphel 2,132 – 3,413 AE
Exzentrizitéit 0,2310
Inklinatioun 34,84 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 225 d
Mëttel Bunnvitesse 17,6 km/s
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser 582 × 556 × 500 km
Mass 2,34 • 1020 kg
Albedo 0,16
Mëttel Dicht 2,76 g/cm3
Rotatiounsperiod 7,8 h
Absolut Hellegkeet 4,1
Spektralklass B-Typ
Entdecker H. Olbers
Entdeckungsjoer 28. Mäerz 1802
Aner Bezeechnungen

Den (2) Pallas ass mat engem mëttleren Duerchmiesser vu 546 km de gréissten Asteroid an den zweetgréissten Himmelskierper an der Asteroiden-Haaptceinture, wahrscheinlech souguer en Zwergplanéit.[1]

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Pallas gouf den 28. Mäerz 1802 vun Heinrich Wilhelm Olbers entdeckt an no der griichescher Gëttin Pallas Athene genannt. D'Entdeckung war zoufälleg. Den Olbers war op der Sich nom Ceres, deen e Joer virdrun entdeckt gouf. No der Entdeckung vum Ceres hat den Olbers, wéi déi aner Astronome vu senger Zäit, net domat gerechent, nach weider Planéiten tëscht Mars a Jupiter ze fannen, well ee gegleeft huet, dee vun der Titius-Bode-Rei virausgesote Planéit an deem Beräich vum Sonnesystem fonnt ze hunn. Den Olbers huet d'Hypothes vertrueden, datt et sech beim Ceres a Pallas ëm Brochstécker vun engem méi grousse Planéit géif handelen, deen zerbrach war.

D'Entdeckung befligelt d'Aktivitéit vun der sougenannter Himmelspolizey vun den europäeschen Observatoiren. Si war 1800 gegrënnt ginn, fir systematesch no Klengplanéiten ze sichen. Mat Olbers an Harding haten zwéi Membere vun där Organisatioun 1804 an 1807 d'Asteroiden (3) Juno a (4) Vesta entdeckt.

Genee wéi den Ceres gouf de Pallas kuerz no der Entdeckung als vollwäertege Planéit ugesinn, domat gouf et am Joer 1802 néng Planéiten. No der Entdeckung vu Juno a Vesta goung d'Zuel vun de „Planéiten“ bis 1807 op 11. Dobäi blouf et bis 1845. Da gouf mat (5) Astraea de fënneften Asteroid entdeckt, an och dëse gouf am Ufank als Planéit gefouert. No der Entdeckung vum „echte“ Planéit Neptun am Joer 1846 gouf et souguer 13 Planéiten. Well et awer vun 1847 ëmmer méi Neientdeckunge vun Asteroide gouf, goufen déi, vun do un, vun de „grousse Planéiten“ ënnerscheet, wouduerch d'Zuel nees op aacht erofgefall ass.

De Wilhelm Herschel, deen 1781 den Uranus entdeckt hat, hat versicht den Duerchmiesser vum Ceres an dem Pallas ze bestëmmen, wat him e Koup Schwieregkeete gemaach huet: Déi zwéin Himmelskierper waren a sengem Teleskop praktesch stärefërmeg ze gesinn (also ouni miessbar Ausdehnung wéi déi klassesch Planéiten). Den Herschel huet dofir schonn 1802 virgeschloen, den Ceres an de Pallas als „Asteroiden“ (griichesch fir „stärenarteg“), ze bezeechnen an domat vun de grousse Planéiten ofzegrenzen. Seng Usiicht gouf zu där Zäit awer nëmme vun eenzelnen Astronome gedeelt. Eréischt wéi ëm 1850 d'Zuel vun den neien Himmelskierper méi héich gouf, krute si d'Bezeechnung „Asteroiden“, „Planetoiden“ oder „Klengplanéiten“. Zanter dem 24. August 2006 gëtt ausserdeem den Ceres als Zwergplanéit bezeechent.

Den Asteroid gouf no deem am Joer 1803 entdeckte chemeschen Element Palladium genannt.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmlafbunn vum Pallas tëscht Mars a Jupiter.

De Pallas beweegt sech an engem mëttleren Ofstand vun 2,77 AE a 4,62 Joer ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass mat 0,23 relativ grouss: Den Ofstand vun der Sonn variéiert dofir zëschent 2,14 AE am Perihel an 3,41 AE am Aphel. D'Ëmlafbunn ass mat 34,9° och staark géint d'Ekliptik gebéit, wouduerch et heefeg virkënnt, datt sech de Pallas wäit vun der Ekliptik ophält.

Während der Oppositioun erreecht en eng visuell Magnitude vu bis zu 6,5 mag. De Pallas ass domat nom (4) Vesta den zweethellsten Asteroid um Himmel.

Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'Rotatiounsperiod vum Pallas ass 7,8 Stonnen. D'Uewerfläch huet eng mëttel Albedo vun 0,16. Duerch Observatioune mam Hubble-Weltraumteleskop konnt d'Gréisst vum Pallas bestëmmt ginn: D'Form vum Pallas entsprécht deemno engem triaxialen Ellipsoid mat Achselängte vu 582 ± 10 km, 556 ± 3 km an 500 ± 9 km. D'Mass gouf zu 1,18 × 10−10 Sonnemassen (2,34 × 1020 kg) bestëmmt. Aus Observatioune mam Infrared Astronomical Satellite an duerch Stärebedeckunge ware virdru mëttel Duerchmiesser vu ronn 523 km ofgeleet ginn. De Pallas ass domat zwar dee nom Ceres gréissten Himmelskierper vun der klassescher Haaptceinture, gëtt awer no Mass och nach vun der Vesta iwwertraff.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • B. E. Schmidt et al.: Hubble takes a look at Pallas: Shape, Size and Surface. In: Lunar and Planetary Science 39 (2008), S. 2502 (hier online (PDF)
  • G. Gerstbach: Die Asteroiden – Dramatik und Schutt im Planetensystem. Sternenbote Dezember 2002, Wien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: (2) Pallas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]