(3) Juno

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
(3) Juno
Den Asteroid Juno geinn bei véier Wellelängten. E groussen donkele Krater gesäit ee bei 934 nm.
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 2,670 A.E.
PerihelAphel 1,989 – 3,351 AE
Exzentrizitéit 0,2550
Inklinatioun 12,98 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 133 d
Mëttel Bunnvitesse 17,9 km/s
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser 290 × 245 km
Mass 2,82 • 1019 kg
Albedo 0,24
Mëttel Dicht 4,2 g/cm3
Rotatiounsperiod 7,2 h
Absolut Hellegkeet 5,3
Spektralklass S
Entdecker : K. L. Harding
Entdeckungsjoer 1. September 1804
Aner Bezeechnungen

De (3) Juno ass en Asteroid vun der Asteroiden-Haaptceinture. Hie gouf den 1. September 1804 vum Karl Ludwig Harding als drëtten Asteroid entdeckt an no der Juno, der héchster réimescher Gëttin, genannt. Den Asteroid Juno gouf no senger Entdeckung genee sou wéi d'Asteroiden (1) Ceres an (2) Pallas am Ufank als vollwäertege Planéit klasséiert. Eréischt no 1847 gouf tëscht Asteroiden a Planéiten ënnerscheet. Seng Bunn gouf an den 1810er Joren zu Göttingen ënner Leedung vum Carl Friedrich Gauß vum Friedrich Ludwig Wachter berechent.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De Juno beweegt sech op engem Ofstand vun 1,98 (Perihel) an 3,36 (Aphel) AE a 4,36 Joer ëm d'Sonn. D'Ëmlafbunn ass 13,0° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,26.

Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Juno huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 267 km. Seng Mass gouf zu 2,82×1019 Kilogramm berechent. En huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,24. Während der Oppositioun erreecht en eng visuell Magnitude vu bis zu 7,7 mag an ass domat ee vun den hellsten Asteroiden um Himmel. A ronn 7,2 Stonne rotéiert en ëm déi eegen Achs.

Am Joer 1996 (Resultater goufen am Joer 2003 publizéiert) gouf de Juno mat Hëllef vun engem 2,5-Meter-Spigelteleskop vum Mount Wilson-Observatoire an enger adaptiver Optik grëndlech ënnersicht. D'Ënnersich hu gewisen, datt de Juno en onreegelméissegen Himmelskierper ass, mat enger Form, déi un eng Gromper erënnert. D'Fotoen am Infraroutberäich weisen e ronn 100 km groussen Impaktkrater, dee wahrscheinlech viru geologesch kuerzer Zäit entstanen ass. [1] Spektroskopesch Ënnersich loossen drop schléissen, datt de Juno den Ufankskierper vu Gewéinleche Chondritte kéint sinn, enger heefeger Grupp vu Steemeteoritten, déi aus eisenhaltege Silikatkonglomeraten, wéi Olivin a Pyroxen opgebaut sinn.

De Juno war den éischten Asteroid, bei deem eng Stärebedeckung observéiert gouf. Den 19. Februar 1958 war de Juno genee virun engem liichtschwaache Stär laanschtgezunn an hat dee fir etlech Sekonne verdäischtert. Zanterhier si schonn etlech Stärebedeckungen vum Juno observéiert ginn. D'Gréisst vum Juno gouf bei dësen Observatiounen op 290×245 km bestëmmt.

Animatioun
Juno mpl anim.gif
De Juno beweegt sech virum Stärenhannergrond.
Stärefeldauszuch
3Juno-LB1-apmag.jpg
De Juno während der Oppositioun vun 2009.
Gréisstenënnerscheeder
Déi éischt 10 Asteroide profiléiert géintiwwer dem Äerdmound . 3 Juno ass deen Drëtte vu lénks.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  1. Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics Press Release: Release Number 03-18, 6. August 2003: Asteroid Juno Has A Bite Out Of It: Pressemitteilung auf dem Server des Harvard-Smithsonian Center abrufbar: http://cfa-www.harvard.edu/press/pr0318image.html

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juno (Asteroid) – Biller, Videoen oder Audiodateien