Sonnestralung

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wollekstralen iwwert der Waasseruewerfläch

D'Sonnestralung oder d'Solarstralung ass d'Stralung vun der Sonn. D'elektromagnéitesch Stralung huet hire Maximum am visuelle Liicht, ëmfaasst awer och aner elektromagnéitesch Welle vu Röntgen- an UV-Stralung bis zu Radiowellen. D'Partikelstralung, de Sonnewand, enthält haaptsächlech Elektronen a schnell Ionen, déi vum Äerdmagnéitfeld an de Stralungsceinturen agefaange ginn.

Ëmgangssproochlech bedeit Sonnestralung och:

Inhaltsverzeechnes

Sonnespektrum [änneren]

Sonnestralung iwwert an op der Äerduewerfläch
Totaalt Sonnespektrum (logarithmesch Skala)

D'Sonnestralung ëmfaasst e Wellelängtespektrum vu méi wéi néng Zéngterpotenze, ugefaange bei haardem Röntgenliicht mat enger Wellelängt vu manner wéi 0,1 nm, iwwert e Spektrum vun engem schwaarze Kierper mat engem Maximum am visuelle Beräich bis hin zu laangwelleger Radiostralung am Meterberäich.

Während d'mëttel Sonnenenergie bal konstant ass, gëtt et grouss Ënnerscheeder an de Spektralberäicher baussent dem siichtbare Beräich. Dës Ënnerscheeder berouen zum Deel op Sonneneruptiounen déi vun der Sonnenaktivitéit ofhänken.

Dem kontinuéierleche Sonnespektrum sinn eng grouss Zuel vun Absorptiounslinne iwwerlagert, déi sougenannte Fraunhoferlinnen.

Stralungsgesetzer a Stralungsarten [änneren]

De Stralungsmaximum läit am giel-grénge Spektralberäich, wat sech aus der Sonnenuewerflächentemperatur vu 6000 °C an de Stralungsgesetzer vum Planck a Wien ergëtt.

Zesumme mat de rouden a bloe Liichtundeeler huele mer dës Stralung als wäiss un. Déi net visuell Stralung ass virun allem Infraroutstralung, wou d'Wierkung d'Wiermtrezepter vun der Haut uspriechen. Vun de kuerzwellege Strale kënnt d'UV-Liicht bei eis, während d'Röntgenstralung vu Sonneneruptiounen (Flares) an d'kosmesch Stralung vun der Lofthüll ofgeschiermt ginn.

Solarkonstant [änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema : Solarkonstant 

Déi total Stralungsleeschtung vun der Sonn op d'Äerd, gëtt duerch d'Solarkonstant jee Quadratmeter beschriwwen. Si ass am Mëttelwert

E_0 = 1{,}367\ \mathrm{kW / m^2}.

Globalstralung [änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema : Globalstralung 

Jee no Plaz an Zäit gëtt den Androck vun der Sonnestralung duerch Klima a weider Bedingunge beaflosst. Sonneschäin ass wann d'Liicht duerch d'Wolleke direkt d'Äerduewerfläch trëfft, d'Direktstralung. Liicht, dat iwwer Reflexioun a Wolleke, Waasser- a Stëbsdeelercher d'Äerduewerfläch erreecht, verursaacht d'Diffusstralung. Diffusstralung an Direktstralung op enger Plaz maachen zesummen d'Globalstralung. Dës weist beträchtlech gréisser Schwankungen wéi d'Solarkonstant op an ass nëmmen fir eng bestëmmte Plaz op der Äerduewerfläch zu engem Zäitpunkt miessbar.

Dämfung duerch d'Atmosphär [änneren]

D'Duerchléissegkeet vun der Atmosphär fir d'Sonneliicht am UV, Visuellen an Infrarout

D'Sonnestralung op der Äerduewerfläch ass manner wéi déi bausse vun der Äerdatmosphär, well d'Äerdatmosphär déi elektromagnéitesch Stralung zu 20 bis 40 Prozent absorbéiert. Ausserdeem gëtt een Deel als Infraroutstralung zréck an de Weltraum reflektéiert.

Verklengerung duerch schréie Liichtafall [änneren]

Dämfung vun der Sonnestralung beim Wee duerch d'Atmosphär: a) laange Wee, Verdeelung vun der Stralung iwwert e grousst Gebitt (Polarregioun), b) kuerze Wee, Verdeelung iwwert e klengt Gebitt, Afallswénkel vun 90° um Equator (Tropen)

Den Afallswénkel vun der Sonnestralung, dat ass de Wénkel tëschent de Stralen an dem Horizont, bestëmmt d'Schichtdéckt vun der Atmosphär, déi d'Stralung passéiere muss. D'Loftmass (air mass) gëtt e Wäert fir d'Längt vum Wee duerch d'Atmosphär un.

Fält d'Liicht- a Wärmtstralung schréi eran, verdeelt si sech iwwer eng gréisser Äerduewerfläch.

Den Afloss vun de Joreszäiten an den Tropen ass kaum ze mierken, well de Sonnestand do ëm Mëtteg ëmmer stäil ass. Den Ënnerscheed tëschent Summer a Wanter wierkt zu de Polen hin ëmmer méi staark.

A Mëtteleuropa steet d'Mëttegsonn am Summer 60 bis 65° héich a straalt bei ideale Wiederbedéngunge mat enger Bestralungsstärkt vu ronn 700 Watt/m². Am Wanter sinn et nëmmen 13° bis 18° an zu Mëtteg nëmme ronn 247 Watt/m². Am Vergläich dozou ass d'Stralung op 3–4 km héije Bierger ongeféier 1000 W/m².

D'Erwäermung vun der Äerduewerfläch hänkt vun der Dauer vum hellen Dag of. Enn Juni ass d'Dauer ongeféier 16 Stonnen, am Dezember 8 Stonnen. D'Verhältnes vun der totaler agestraalte Sonnenenergie ass tëschent dëse Méint bei ronn 5:1 bis 10:1, gëtt awer duerch Wärmespäicherung virun allem duerch d'Miere gemëldert (Séiklima).

Miessung [änneren]

D'Miessung vun der Sonnestralung geschitt iwwer Pyranometer, Pyrheliometer oder Sonneschäinautographe. D'Solarkonstant gëtt iwwer Radiometer gemooss.

Stralungsbilanz [änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema : Stralungshaushalt vun der Äerd 

D'Temperatur vun der Äerduewerfläch gëtt global vun der Stralungsbilanz, dem Stralungshaushalt bestëmmt, domat gëtt d'Zesummewierke vun Absorptioun a Reflexioun souwéi Re-Emissioun a Streeung erfaasst.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]

Commons: Sonnestralung – Biller, Videoen oder Audiodateien