Kugelstärekoup
E Kugelstärekoup ass eng kugelfërmeg Usammlung vu Stären, déi dat galaktescht Zentrum als Satellit ëmkreest. D'Stären am Koup si gravitativ staark gebonnen, wat seng Kugelform an eng relativ héich Stärendicht a sengem Zentrum mat sech bréngt. Kugelstärekéip, déi een am Halo vun enger Galaxis fënnt, enthale vill méi Stären, a si vill méi al wéi déi oppe Stärekéip, an der Galaxiescheif.
Kugelstärekéip sinn zimlech heefeg. Et goufe schonns iwwer 150 Kugelstärekéip an der Mëllechstrooss fonnt, an et gëtt geschat, datt der nach 10 bis 20 net enteckt goufen.
Grouss Galaxie kënnen der vill méi hunn. Sou huet beispillsweis d'Andromedagalaxis der ronn 500. An e puer gigantesch elliptesche Galaxien, wéi den M87, kënnen der 10.000 sinn. Déi Kugelstärekéip ëmkreesen d'Galaxis op enger Distanz vu 40 kiloparsec, ronn 131.000 Liichtjoer, oder méi.
An all Galaxis vun der Lokaler Grupp, déi genuch Mass huet, si Kugelstärekéip. An all gréisser Galaxis, déi bis elo gesi gouf, gëtt et e System vu Kugelstärekéip
D'Stäre vun engem Kugelstärekoup sinn all ongeféier gläich al a weise keng Spektrallinne vu schwéieren Elementer an hire Spektren (sougenannten extrem Populatioun-II-Stäre) op. Aus Miessunge vum Spektrum gëtt hiert Alter ofgeleet, well sech déi schwéier Elementer eréischt am Alter vu Joermilliarden entwéckelen.
Obwuel d'Stären an de Kugelstärekéip zu den éischte gehéieren, déi an de Galaxien entstinn, sinn hir Urspréng an hir Roll an der galaktescher Evolutioun nach ëmmer onkloer. An der Tëschenzäit gëtt ugeholl, datt sech Kugelstärekéip signifikant vun ellipteschen Zwerggalaxien ënnerscheeden a sech éischter als Deel vun enger Galaxis gebilt hunn, amplaz als eenzel separat Galaxis.
A verschiddenen elliptesche Galaxien kënnen och ganz jonk Kugelstärekéip gesi ginn. Vun deene Galaxien gëtt ugeholl, datt si aus der Verschmëlzung vun zwou oder méi Urspronksgalaxien entstane sinn. Kollisioune léisen eng Well vu Stäregebuerten aus, bei deene sech no neisten Erkenntnesser och erëm Kugelstärekéip bilde kënnen, sou datt verschidde Generatiounen vu Kugelstärekéip an enger Galaxis ze fanne sinn.
Um Spaweck [änneren]
- (en) Jonk Kugelstärekéip, ESO Press release
- (de) "Hubble: Schwaarz Lächer an de Kugelstärekéip", astronews.com
- (de) Distanzbestëmmunge zu Kugelstärekéip
- (en) [1]
| Commons: Globular clusters – Biller, Videoen oder Audiodateien |