Hyaden (Astronomie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
De Stärekoup Hyaden
Stärekaart vun den Hyaden

Hyaden oder Taurus-Stroum, ass en oppene Stärekoup am Stärebild Taurus, dee mat bloussem A ze gesinn ass. De Koup ass V-fërmeg niewent dem hellste Stär, dem Haaptstär vum Stéier /Tauris), dem Aldebaran, ze fannen. Den Aldebaran selwer gehéiert awer net zu den Hyaden. Am Messier- an am NGC-Katalog gëtt de Stärekoup net gefouert, am Melotte-Katalog ass hien als Mel 25 agedroe.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Detailler

De Stärekoup ass bei eis vu September bis Abrëll um nërdleche Stärenhimmel ze gesinn. De Kär vun den Hyaden huet en Duerchmiesser vu ronn 4 parsec, aner Membere vum Koup si bis zu engem Emkrees vu 24 pc ze fannen. Den Alter vun den Hyaden gëtt op ca. 600 Millioune Joer gerechent, also eppes méi al wéi d'Plejaden. D'Gesamthellegkeet entsprëcht enger Hellegkeet vun ongeféier 1m. D'Hyaden maachen zesummen mat de Plejaden dat sougenannte Gëlle Portal vun der Ekliptik.

Wéinst hirer eenheetlecher Bewegung am Raum gëtt d'Hyade-Grupp och zu de Bewegungsstärekéip gezielt. De Koup zeechent sech duerch déi eenheetlech Plazverännerung vun alle Stäre op engem virtuelle Konvergenzpunkt aus an ëmfaasst ongeféier 350 Stären, déi sech eenheetlech mat ca. 43 km/s an dës Richtung bewegen. Dëse Punkt, och als "Vertex" bezeechent, läit ëstlech vum Betelgeuze am Stärebild Orion. Eegebewegung, Alter an Zesummesetzung vun den Hyaden ähneln deene vun dem Praesepe-Stärekoup, wat op e kollektiven Urspronk vu béide Kéip hiweist, obwuel si haut honnerte vu Liichtjoer ausernee sinn [1].

Op Grond vun hirer kuerzer Distanz zu eisem Sonnesystem spillen d'Hyaden an der moderner Astrophysik eng wichtig Roll. Unhand vu klasseschen trigonometresche Methoden (Parallax a Stärestroum-Parallax) kann d'Distanz an domat déi absolut Hellegkeet vun den Eenzelstäre vum Koup genee bestëmmt ginn.

[änneren] Mythologesche Hannergrond

An der griichescher Mythologie waren d'Hyaden Duechtere vum Atlas an Aithra. Hiren eenzege Brudder, Hyas, koum op der Juegd ëm. Hir Trauer an hir Téinen hunn Gëtter beréiert, an esou goufe si als Hyaden ënnert d'Stäre gesat. Och de Vergil schwätzt vu "fiichten Hyaden", an déi al griichesch Bezeechnung "Reenstäre" verréit d'Bedeitung: D'Tréine fléissen ongehemmt weider, a stierzen als Reen op d'Äerd.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie


[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools