Gëlle Portal vun der Ekliptik

Vu Wikipedia
Stärekaart mat de Plejaden (uewe riets) an den Hyaden (Bildmëtt beim Stär Alderbaran) béidsäiteg vun der Ekliptik (rout gestréchelt Linn)

Dat Gëllent Portal vun der Ekliptik ass vun alters hier en Asterismus am Stärebild Taurus. D'Stärekonstellatioun gëtt zu béide Säite vun der Ekliptik, wéi bei engem Portal, duerch déi zwéi markant oppe Stärekéip vun de Plejaden an den Hyade geformt.

Laanscht d'Ekliptik als visuell Bunn vun der Sonn um Himmel wanderen nieft dëser och d'Planéite reegelméisseg duerch dat Portal, well hir Bunnflächen nëmmen e bësse géint Bunnfläch vun der Äerd gebéit sinn. Nëmmen d'Bunn vum Äerdmound wäicht méi staark vun hir of, soudatt de Mound d'Konstellatioun reegelméisseg och ëmleeft.[1]

Vun ongeféier 4000 bis 1500 v. Chr. louch och de Fréijoerspunkt wärend senger Wanderung laanscht d'Ekliptik, bedéngt duerch d'Prezessioun vun der Äerdachs, am Stärebild Taurus an hat him sou eng besonnesch Bedeitung ginn.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. astronomie-heute.de: Tor! 1:0 für die Venus. 19. April 2007
  2. http://sternschnuppenschenken.blogmonster.de/ 13. Januar 2008