Philibert Jacques Melotte

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Philibert Jacques Melotte, gebuer den 29. Januar 1880, a gestuerwen den 30. Mäerz 1961, war e briteschen Astronom.

Seng Eltere stamen aus der Belsch a waren agewandert.

Am Joer 1908 huet hien en neie Jupitermound entdeckt, deen haut ënner dem Numm Pasiphae bekannt ass. Dësen Numm krut den Himmelskierper eréischt am Joer 1975, virdru gouf hie Jupitermound VIII genannt, well hien den aachten entdeckte Mound vum Jupiter war.

De 16. Januar 1909 huet de Melotte den Asteroid 676, Melitta entdeckt. Am Joer 1915 huet hien e Katalog vun 245 oppene Stärekéip a Kugelstärekéip zesummegestallt. Et ass e Katalog an deem vill grouss, a schonn mat bloussem A siichtbar Kéip wéi d'Hyaden, d'Hoer vun der Berenike an d'αPersei-Grupp stinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie