Draco (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Draco
Lëtzebuergeschen Numm Draach
Laténgeschen Numm Draco
Laténgesche Genitiv Draconis
Laténgesch Ofkierzung Dra
Positioun Nordhimmel
Rektaszensioun 9h 20m bis 20h 40m
Deklinatioun +47° bis +86°
Fläch Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 90° Nord bis 15° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Am ganze Joer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
3
Hellste Stär,
Gréisst
Etamin (γ Draconis),
2,23m
Meteorstréim Draconiden
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Ursa Minor
Ursa Major
Bootes
Hercules
Lyra
Cygnus
Cepheus
Kaart vum Stärebild Draco

Den Draco (Draach) ass e Stärebild vum Nordhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Draach ass e grousst Stärebild, dat sech deelweis ëm den Ursa Minor krëmmt. De Kapp gëtt vu véier Stäre gezeechent, déi an der Géigend vum Hercules stinn.

Den Draco ass en zirkumpolart Stärebild, d. h., an eise Breeden ass et dat ganzt Joer ze gesinn.

Am Draco läit den Nordpol vun der Ekliptik.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Draco gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der Antikitéit, déi schonn de Ptolemäus kannt huet.

An der antiker griichescher Astronomie war de Klenge Bier (Ursa Minor) Bestanddeel vum Drach, deem seng Flilleken hie gemaach huet.

Opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerd war den Thuban virun 5.000 Joer de Polarstär vum Nordhimmel. Déi klengst Distanz gouf zum exakten Himmelspol ëm d'Joer 2830 v. Chr. mat 10 Bouminutten erreecht.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
γ 33 Etamin, Etanin, Eltanin 2,23m 150 K5 III
η 14 2,74m 80 G8 III
β 23 Alwaid, Rastaban, Asuia 2,79m 400 G2 II
δ 57 Altais, Al Tais, Nodus Secundus 3,07m 100 G9 III
ζ 22 Aldhibah, Nodus I 3,17m 300 B6 III
ι 12 Edasich, Ed Asich 3,29m 102 K2 III
χ 44 3,57m 25 F7 V
α 11 Thuban 3,65m 300 A0 III
ζ 32 Grumium 3,75m 111 K2 III
ε 63 Tyl 3,83m 147 G7 + K5
λ 1 Gianfar, Giaufar, Juza 3,84m 334 M0 III
κ 5 3,87m 400 B8 III
θ 13 4,01m 60 F8 IV
φ 43 4,22m
ψ 31 Dsiban 4,27m 70 F5 + F9
HR 3751 4,29m
τ 60 4,45m
17 4,5m 300 B9 + A1 + B9
ρ 67 4,51m
π 58 4,59m
i 10 CU 4,65m
ο 47 4,66m
σ 61 Alsafi 4,68m 18,8 K0 V
39 4,8m 150 A1 + A5
ω 28 4,80m
υ 52 4,82m
42 4,82m
g 18 4,83m
ν2 25 Kuma 4,87m 120 A5
ν1 24 Kuma 4,88m 120 A6
h 19 4,89m
μ 21 Alrakis, Arrakis 4,92m 85 F7 V + F7 V
6 4,94m
4 CQ 4,95m
54 4,99m
15 5,00m
30 5,02m
36 5,03m
35 5,04m
c 46 5,04m
f 27 5,05m
59 5,13m
2 5,20m
73 5,20m
26 5,23m 50 G0 + K3
8 5,24m
3 5,30m
9 5,32m
50 5,35m
51 5,38m
7 5,43m
ψ 34 5,45m
75 5,46m
49 5,48m

D'Nimm vun de Stären Ettanin, Thuban an Rastaben sinn arabesch a leede sech aus der arabescher Bezeechnung fir Draach of.

Ettanin, den hellste Stär am Draco, läit op enger Distanz vun 150 Liichtjoer an huet d'Spektralklass K5 III.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
ε 3,9m/7,3m 3,2"
ψ 4,6m/5,8m 30,3"
ν 4,9 m/4,9m 61,9"
39 5,0m/7,8m/7,2m 3,9" und 89"
26 5,3m/8,0m 1,7"
17 5,4m/6,4m 3,3"
μ 5,7m/5,7m 1,9"

De ν Draconis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 120 Liichtjoer. Déi zwou Komponente leien op engem wäite Wénkelofstand vu bal 62 Bousekonnen.

Den 39 Draconis ass e Méifachstäresystem op enger Distanz vun 150 Liichtjoer. Dräi Stären ëmkreesen e kollektive Schwéierpunkt.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
R 6,7m–13m 245,5 Deeg Mira-Typ
T Dra 7,2m–13,5m 421,2 Deeg Mira-Typ
RY Dra 6,5m–8,0m 172 Deeg hallefregelméisseg Verännerlechen

D'Stären R an T Draconis si pulsatiounsverännerlech Stäre vum Typ Mira. Et handelt sech dobäi ëm liichtkräfteg rout Risen oder Iwwerrisen, déi sech rhythmesch opblosen an nees zesummenzéien, wat als däitlech Hellegkeetsschwankung observéiert ka ginn. Während dem Maximum ginn R an T sou hell, datt si mat engem Teleskop gutt ze gesi sinn. Am Minimum fält d'Hellegkeet ënner 13m erof.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
102 5866 9m Galaxis
5907 10m Galaxis
6503 10m Galaxis
6543 9m Planetaresch Niwwel Kazenaniwwel

Den NGC 6543 ass e planetareschen Niwwel. Am Zentrum ass en extrem waarme Wäissen Zwergstär. De komplexen Opbau vum Niwwel, deen him den Numm Kazenaniwwel ginn huet, gëtt eréischt op laangbeliichte Fotoe siichtbar.

De Messierobjet M 102 ass eng Spiralgalaxis vum Typ S0 a läit op enger Distanz vun 30 Millioune Liichtjoer vun eis ewech.

Den NGC 5907 an den NGC 6503 si Spiralgalaxië vum Typ Sc a leien 30 bzw.15 Millioune Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Draco (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien