Cepheus (Stärebild)
| Date vum Stärebild Cepheus | |
|---|---|
| Däitschen Numm | Kepheus |
| Laténgeschen Numm | Cepheus |
| Laténgesche Genitiv | Cephei |
| Laténgesch Ofkierzung | Cep |
| Positioun | Nërdleche Fixstärhimmel |
| Rektaszensioun | 20h 00m bis 8h 20m |
| Deklinatioun | +53° bis +88° |
| Fläch | 588 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 10° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Dat ganzt Joer |
| Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
1 |
| Hellste Stär, Gréisst |
α Cephei, (Alderamin), 2,45m |
| Meteorstréim | keng |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Ursa Minor Draco Cygnus Lacerta Cassiopeia |
Den Cepheus ass e Stärebild vum Nordhimmel.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
Den Cepheus ass en onopfällegt Stärebild tëschent dem markanten Cassiopeia an dem Draco.
Seng hellst Stäre maachen eng Figur, déi un en Haus mat spatzem Dach erënnert.
Mythologie [änneren]
Den Cepheus war no der griichescher Mythologie de Kinnek vun Ethiopien, Mann vun der Cassiopeia a Papp vun der Andromeda.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | 5 | Alderamin | 2,45m | 49 | A7 IV |
| β | 8 | Alfirk | 3,15 bis 3,21m | 230 | B1 |
| γ | 35 | Errai, Alrari | 3,21m | 50 | K1 IV |
| ζ | 21 | 3,39m | 800 | K1 Ib | |
| η | 3 | Al Kidr | 3,41m | 45 | K0 IV |
| ι | 32 | 3,50m | 120 | K1 III | |
| δ | 27 | 3,6 bis 4,3m | 890 | F5 bis G3 | |
| μ | Granatstär | 3,62 bis 5,0m | 5200 | M2 Ia | |
| ε | 23 | 4,18m | 100 | F0 IV | |
| θ | 2 | 4,21m | |||
| ν | 10 | Cor Regis | 4,25m | ~5000 | A2 I-a |
| ξ | 17 | Alkurah, Kurah | 4,26m | 100 | A3 + F7 |
| κ | 1 | 4,38m | |||
| π | 33 | 4,41m | 200 | G3 + F3 | |
| υ1 | 4,52m | ||||
| 11 | 4,55m | ||||
| ο | 34 | 4,75m | 150 | K0 + F6 | |
| 9 | 4,76m | ||||
| 24 | 4,79m | ||||
| 16 | 5,04m | ||||
| λ | 22 | 5,05m | |||
| 19 | 5,07m | ||||
| 31 | 5,08m | ||||
| 6 | 5,19m | ||||
| 30 | 5,19m | ||||
| 18 | 5,26m | ||||
| 20 | 5,27m | ||||
| 7 | 5,42m | ||||
| ρ | 29 | Al Kalb al Rai | 5,07m |
Den α Cephei, den hellste Stär am Cepheus, läit op enger Distanz vun 230 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e wäisselzeg-giele Stär, deen ongeféier d’Gréisst vun eiser Sonn huet.
Den Numm Alderamin ass arabesch a bedeit „de rietsen Arm“.
Duebelstären [änneren]
| System | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| β | 3,2m/7,8m | 13,3" |
| ζ | 4,5m/6,5m | 8,1" |
| δ | 3,4 m/6,3m | 41,0" |
| π | 4,6m/6,6m | 1,2" |
| 34 | 4,9m/7,1m | 2,9" |
De Stär β Cephei ass en Duebelstär op enger Distanz vun 230 Liichtjoer.
Den arabeschen Numm Alfirk bedeit „d’Heerd“.
Den δ Cephei ass en Duebelstär op enger Distanz vun 890 Liichtjoer. De grousse Wénkelofstand tëschent deenen zwou Komponenten ass 41 Bousekonnen.
Den β Cephei an den δ Cephei sinn doriwwer eraus verännerlech Stäre.
Verännerlech Stären [änneren]
| Objet | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| β | 3,15 bis 3,21m | 0,1904844 Deeg | pulsatiounsverännerlech |
| δ | 3,6 bis 4,2m | 5,3663 Deeg | pulsatiounsverännerlech |
| μ | 3,4 bis 5,1m | ca. 730 Deeg | hallefregelméisseg |
| T | 5,3 bis 11,2m | 390 Deeg | Mira-Stär |
| ρ | 4,1 bis 6,2m | 100 bis 1000 Deeg | hallefregelméisseg |
De β Cephei gëtt säin Numm fir eng Grupp vu verännerleche Stären hir: de Beta-Cephei-Stären. Et handelt sech ëm pulsatiounsverännerlech Stäre mat kuerzzäitegen Hellegkeetsschwankungen vun 2 bis 14 Stonnen. De β Cephei läit op enger Distanz vu ronn 230 Liichtjoer vun eis ewech.
Den δ Cephei gëtt och säin Numm hir fir eng bedeitend Grupp vu Verännerlechen, den Delta-Cepheiden. Dat si Risestäre mat héijer Liichtkraaft, déi en onstabile Stadium duerchlafen. Si blose sech a regelméissegen Ofstänn op, an zéie sech nees zesummen. Déi Pulsatioun kann als regelméisseg Hellegkeetsännerung gesi ginn. Dobäi stinn d’Liichtkraaft an d’Pulsatiounsdauer an direktem Zesummenhank. Je liichtkräfteger de Stär ass, ëmsou méi lues pulséiert hien. D’Delta-Cepheide kënne soumat fir Distanzbestëmmungen vu Stärekéip a Galaxië gebraucht ginn.
De Stär μ Cephei gouf vum Astronom Wilhelm Herschel wéinst senger déifrouder Faarf Granatstär genannt. Et handelt sech ëm ee rouden Iwwerris mat der 60.000 facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Säin Duerchmiesser gëtt op dat 1.900 facht vum Sonnenduerchmiesser geschat. An eist Sonnesystem versat, géif de Stär bis bis un d’Bunn vum Planéit Saturn reechen.
Messier- an NGC-Objeten [änneren]
| Messier (M) | NGC | Verschiddenes | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 6946 | 11m | Galaxis | |||
| 6939 | 9m | Oppene Stärekoup | |||
| 7023 | 7m | Oppene Stärekoup | |||
| 7235 | 7m | Oppene Stärekoup | |||
| 7380 | 7m | Oppene Stärekoup | |||
| 7510 | 7m | Oppene Stärekoup | |||
| IC 1396 | 9m | Oppene Stärekoup |
Den IC 1396 as e Stärekoup op enger Distanz vun 2000 Liichtjoer. De Stärekoup ass an engem ausgedeenten Emissiounsniwwel agebett.
Den NGC 6939 an den NGC 7789 sinn oppe Stärekéip op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer.
Den NGC 6946 ass eng Spiralgalaxis vum Typ Sc a läit 15 Millioune Liichtjoer vun eis ewech.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Cepheus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |