Pulsatiounsverännerleche Stär

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E pulsatiounsverännerleche Stär ass en normalen, keen entaarte Stär, deen duerch en internen Uregungsmechanismus pulséiert. Bei bal alle pulséierende Stären ass dat de κ-Mechanismus.

Pulséierent Stären hunn näischt mat Pulsaren ze dinn. Niewent radial pulséierente Stären, déi hir Gréisst an domat hir Hellegkeet änneren, gëtt et och netradial pulséierent Stären, zu hinne gehéiert och eis Sonn (fënnef-Minutte Pulsatioun), op deene Wellen de Stär periodesch ëmlafen.


Beispiller fir Pulsatiounsverännerlecher sinn:

  • Delta-Cephei-Stäre (radial pulséierent), genannt no dem Stär δ Cephei, dës Stären änneren hir Liichtkraaft streng periodesch. Si si gutt fir Distanzbestëmmungen vu Galaxien ze berechnen, well hir Liichtkraaft an d'Period vun der Pulsatioun vuneneen ofhängeg sinn.
  • W-Virginis-Stären
  • BL-Herculis-Stären
  • ZZ-Ceti-Stären
  • Delta-Scuti-Stären
  • RR Lyrae-Stäre (radial pulséierent), genannt no dem RR Lyrae, weisen eng héich Regelméissegkeet mat kuerze Perioden. D'Stäre vun dësem Typ schéngen all gläich hell ze sinn, mat ongeféier der 90-facher Sonneliichtkraaft.
  • Mira-Stären (radial pulséierent), genannt no dem Stär Mira (ο Ceti). Hir Pulsatioun huet eng laang Period an ass net sou regelméisseg wéi déi vun den Cepheiden.
  • Hallefregelméisseger (SR)
  • Onregelméisseger (L)
  • Beta-Canis-Majoris-Stären
  • Alpha-Cygni-Stären
  • PV-Telescopii-Stären
  • Gamma-Doradi-Stären
  • Beta-Cephei-Stären (netradial pulséierent)

Saturn 01.svg Portal Astronomie