Delta Cephei

Vu Wikipedia
D'Stärebild Cepheus

Den Delta Cephei ass e verännerleche Stär am Stärebild Cepheus. Seng Verännerlechkeet gouf schonn 1784 vum engleschen Astronom John Goodricke entdeckt.

Den Delta Cephei ass e giele Iwwerris, deen op enger Distanz vun 273 Parsec (892 Liichtjoer) vun eiser Sonn läit. Seng visuell Magnitude variéiert mat enger Period vu 5,36643 Deeg tëscht +3,61 an +4,64m, woubäi sech och säi Spektraltyp tëscht F5Ib a G2Ib verännert.

Den Delta Cephei ass de Prototyp vun enger Klass vu pulsatiounsverännerleche Stären, de sougenannten Delta-Cephei-Stären, déi – well hir Periodendauer nëmme vun der Liichtkraaft ofhänkt - bei der Distanzmiessung vu Galaxien eng Roll spillt.

Säi Begleetstär kreest op engem Positiounswénkel vun 191 Grad 41". Hien huet eng visuell Hellegkeet vu +6,3m a gehéiert zu der Spektralklass B7.

Koordinate fir d'Equinoxe 2000:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie