Cepheiden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D‘Cepheiden sinn eng Klass vu verännerleche Stären, déi no dem Stär δ Cephei am Stärebild Cepheus benannt sinn, eng Ënnerklass vun den Pulsatiounsverännerlechen. Cepheiden veränneren hir Liichtkraaft streng periodesch, dobäi verännert sech och hir Uewerflächentemperatur an domatt och hir Spektralklass. Typesch Cepheiden pulséieren mat enger Period vun e puer Deeg. Den Delta Cephei beispillsweis mat ca. 5,37 Deeg, an deenen sech seng Ausdeenung ëm ronn 2,7 Millioune km ännert.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Physik vum Pulsatiounsprozess
Grondlag fir d’pulséieren vun den Cepheiden ass de Kappa-Mechanismus. Dat ioniséiert Gas an der Stärenhüll ass fir d‘Stralung vum Stär net duerchsiichteg an wiermt sech Absorptioun op. D‘Temperaturerhéijung huet mécht datt d‘Absorptiounsfähegkeet erof geet an den Drock souwéi d‘Temperatur nees zouhëlt. De Stär zitt sech opgrond vun senger eegener Gravitatioun nees zesummen.
[änneren] Distanzmiessung
D‘Delta Cephei-Stäre ginn dacks och als Distanzmarkéierungsstäre bezeechent, well d‘Astronome si als Standardkäerze fir d'Distanzbestëmmung vu Galaxien benotzen.
Dobäi gëtt ausgenotzt, datt Cepheiden als Risestären ganz hell Objete sinn. Et kann een si vun der Äerd aus bis zu enger Distanz vun e puer Megaparsec, a mat dem Hubble-Weltraumteleskop bis zu ronn 20 Megaparsec, d.h. och nach an Nopeschgalaxien, gesinn.
Den Henrietta Swan Leavitt stellt am Joer 1912 fest, datt déi absolut Hellegkeet (M) bzw. d‘Liichtkraaft vun engem Cepheid fest mat dem Logarithmus vun der Pulsatiounsperiod (P an Deeg) zesummenhänkt. Dës sougenannten Perioden-Liichtkraaft-Relatioun ass:
M = − 2,902log(P) − 1,203 [1].
Domat ass et méiglech, aus der Observatioun vum Cepheiden-Liichtwiessel op seng absolut Hellegkeet ze schléissen.
Seng Distanz (D, an Parsec) kann een da mat Hëllef vun der Distanzgläichung aus dem Ënnerscheed tëschent der absoluter Hellegkeet (M) an der miessbarer visueller Magnitude (m) moossen:
D = 10(m − M + 5) / 5.
[änneren] Bekannt Vertrieder
- Delta Cephei (δ Cep A)
- Beta Doradus (β Dor)
- Bezek (η Aql)
- Mekbuda (ζ Gem A)
- Polarstär (α UMi A)
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- (de) http://www.wissenschaft-schulen.de/sixcms/media.php/767/Muehlbauer-Cepheiden.pdf Cepheiden - Meilesteen am Universum