Lacerta (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Lacerta
Lëtzebuergeschen Numm Eidechs
Laténgeschen Numm Lacerta
Laténgesche Geenitiv Lacertae
Laténgesch Ofkierzung Lac
Positioun nërdleche
Fixstärenhimmel
Rektaszensioun 21h 57m bis 22h 58m
Deklinatioun +56° 55´ bis +35° 10´
Fläch 201 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 40° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
α Lacertae,
3,77m
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Cepheus
Cygnus
Pegasus
Andromeda
Cassiopeia
Kaart vum Stärebild Lacerta

D'Stärebild Lacerta (Eidechs) gehéiert zum nërdlechen Himmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Lacerta ass en onschäinbaart Stärebild. Et besteet aus enger Kette vu liichtschwaache Stären, vun deenen nëmmen ee méi hell wéi déi 4. Gréissteklass ass.

Et fënnt een et tëscht de markante Stärebiller Cassiopeia an Cygnus (Schwan).

Duerch den nërdlechen Deel vun der Lacerta zitt sech d'Mëllechstrooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild gouf eréischt am Joer 1687 vum Danzeger Astronom Johannes Hevelius agefouert.

De Fransous Augustin Royer huet d'Stären am Joer 1697 zu Éiere vum Sonnekinnek Louis XIV. zum Sceptre zesummegefaasst. De Johann Elert Bode huet 1787 virgeschloen, den Numm op „Honores Frederic“ („Friedrichs Ehre“) als Erënnerung un de preisesche Kinnek Friedrich de Groussen ëmzeänneren. Déi Stärebiller konnte sech awer net duerchsetzen.

Am Joer 1929 huet de Cuno Hoffmeister am Stärebild Lacerta en Objet entdeckt, deem seng Hellegkeet sech ouni erkennbar Periodizitéit verännert. Ufanks ass geduecht ginn, et wier e verännerleche Stär. Méi spéit gouf festgestallt, datt et sech ëm een aktive galaktesche Kär, eng Galaxis handelt. BL-Lacertae war den éischte Blazar deen entdeckt gouf an huet säin Numm fir eng Grupp vu Galaxien, d'BL Lacertae-Objete ginn.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 7 3,77m 100 A2 V
1 4,13m 300 K3 II
5 4,36m 800 M0 III
β 3 4,43m 150 G9 III
11 4,46m
ADS 15758 4,49m
6 4,51m
2 4,55m 400 B6 V
4 4,55m 5000 B9 Ia
9 4,63m
10 4,88m
15 4,95m
13 5,08m
12 5,25m
16 5,59m
8 5,73m 2000 B2 + B2
13 5,92m

Den α Lacertae, den hellste Stär an der Eidechs, ass 100 Liichtjoer wäit ewech, an ass e Stär dee wäisselzeg liicht mat der Spektralklass A2 V.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
8 5,7 /6,5m 22,4"

Den 8 Lacertae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer. Déi zwou liichtkräfteg Komponente gehéieren zu der Spektralklass B2. Si kënne scho mat engem klengen Teleskop observéiert ginn.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC Verschiddenes Gréisst Typ Numm
NGC 7209 9,5m Oppene Stärekoup
NGC 7243 6,4m Oppene Stärekoup
NGC 7245 7,5m Oppene Stärekoup
BL Lacerta 14,5m Quasar

An der Lacerta sinn dräi Oppe Stärekéip, déi mat engem mëttleren Teleskop opgeléist kënne ginn.

D'Galaxis BL Lacerta ass mat enger Hellegkeet ëm 14,5m liichtschwaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lacerta – Biller, Videoen oder Audiodateien