Rouden Zwerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Rout Zwerge sinn déi klengst aktiv Stären a maache ronn 70 Prozent vun de Stären an eiser Mëllechstrooss aus.

Kennzeechen[änneren | Quelltext änneren]

Rout Zwerge sinn Haaptreiestäre vum Spektraltyp M. Hir Mass ass tëscht 8 a 57 Prozent vun der Sonnemass. Bei wéineger Mass kéim keng Waasserstofffusioun zoustan, et entstéing e Brongen Zwerg. Eppes méi masseräich Stäre sinn orange Stäre mam Spektraltyp K.

Bedéngt duerch déi wéineg Mass, geschitt an engem rouden Zwerg nëmmen eng kleng Ëmwandlung vu Waasserstoff an Helium (Kärfusioun), an dofir d'Uewerflächentemperatur nëmmen tëscht 2200 an 3800 Kelvin läit d'Sonn huet ongeféier 5800 Kelvin) a bal nëmme laangwelleg Stralung (roudelzegt Liicht an Infrarout) mat schwaacher Intensitéit (ongeféier 1/10000 - 1/30 vun der Sonn) emittéiert gëtt. Rout Zwerge si komplett konvektiv: Den Transport vun der Hëtzt funktionéiert iwwerall duerch d'Thermik.

Wéinst hirer klenger Mass hunn déi rout Zwerge am Verglach zur Sonn, méi eng niddreg Temperatur, a méi eng héich Dicht.

E rouden Zwerg kann e puer 100 Milliarde Joer oder souguer e puer Billioune Joer al ginn. Uschléissend erhëtzt hie sech, a schrompelt op d'Gréisst vun engem Wäissen Zwerg. Rout Zwerge gi keng rout Risen, well eng Fusioun vun Helium wéinst der klenger Mass net méiglech ass.

Observatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Androck vun engem Kënschtler: e Planéit kreest ëm e rouden Zwerg

Rout Zwerge si liichtschwaach, dofir kënne si och net mat bloussem A gesi ginn. Den nooste Stär bei eiser Sonn ass de rouden Zwerg Proxima Centauri.

E puer rout Zwerge weisen, an onregelméissegen Ofstänn, staark Flaren, déi d'Hellegkeet vum Stär wäit iwwertreffe kënnen.

Astronomesch Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Momentan spille Rout Zwergen nëmmen eng minimal Roll am Energiehaushalt vum Universum, obwuel rout Haaptreiestäre wahrscheinlech déi am meeschte verbreet Stäregattung ass. Et gëtt gemengt, datt si, wéinst hirer extrem laanger „Liewensdauer“ a wéinst der Liichtkraaft déi géint Enn vum Waasserstoffbrenne méi grouss gëtt, bei engem zukënftege generelle Réckgank vun neie Stären, als Objeten déi liichten, nach zu engem Zäitpunkt existéiere kënnen, wann de Rescht vum Universum bal nëmme nach aus „doudeger Matière“ a Form vu Schwaarze Lächer, Neutronestären, a blatzege Wäissen Zwerge besteet.

Et gouf nach kee rouden Zwerg deen um Stierwen ass entdeckt, well d'Universum eréischt 13,7 Milliarde Joer al ass. Dat kéint e méiglechen Indiz fir d'Endlechkeet vum Universum sinn. Déi éischt Generatioun vu Stären däerft, no der Urknall-Theorie, nëmmen aus Waasserstoff, Helium a Lithium bestanen hunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alpert, Mark (2005): Red Star Rising. Scientific American, November 2005, p. 15.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Commons: Red dwarfs – Biller, Videoen oder Audiodateien