Gielen Zwerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eis Sonn ass ee gielen Zwerg

E Gielen Zwerg ass e Stär vun der sougenannten Haaptrei, dat heescht, hien ass mat der Sonn a punkto Mass a Gréisst vergläichbar. D'Haaptrei mécht bal 90 Prozent vun alle Stären aus a verleeft am Hertzsprung-Russell-Diagramm diagonal vun der ieweschter Mëtt no riets ënnen zu de rouden, klenge Stären.

D'Sonn selwer gehéiert zu der Grupp vun de gielen Zwergen, déi awer - am Géigesaz zu de Begrëffer wéi Wäissen Zwerg oder Roude Ris - kee feste Begrëff ass. Et hëlt ee mat dësem Numm nëmme Bezuch op déi relativ minim Gréisst vun dësen Duerchschnëttsstären (am Vergläich zu z. B. Roude Risen) an op déi giel Faarf. D'Faarf ass fir eng Uewerflächentemperatur vu ronn 5500 Grad Celsius typesch an entsprécht der Spektralklass G.

Déi meeschte giel Zwergestäre gehéieren zur Stärepopulatioun I.

Kuckt och [änneren]

Commons: Giel Zwergen – Biller, Videoen oder Audiodateien