Puppis (Stärebild)
| Date vum Stärebild Puppis | |
|---|---|
| Laténgeschen Numm | Puppis |
| Laténgesche Genitiv | Puppis |
| Laténgesch Ofkierzug | Pup |
| Positioun | |
| Rektaszensioun | 6h 03m bis 8h 27m |
| Deklinatioun | -11° 15’ bis -51° 05’ |
| Fläch | 673 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 39° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Wanter (net vollstänneg ze gesinn) |
| Zuel vu Stären mat Gréisst < 3m |
4 |
| Hellste Stär, Gréisst |
Naos(ζ Puppis), 2,25m |
| Meteorstréim | Pi-Puppiden Puppiden-Veliden |
| Nopeschstärebiller (vu Norde am Auerzeigersënn) |
Monoceros Canis Major Columba Carina Vela Pyxis Hydra |
D'Achterdeck vum Schëff (latäin. Puppis) ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
D'Puppis ass e grousst Stärebild westlech a südlech vum Groussen Hond. Véier vu senge Stäre si méi grouss wéi déi 3. Gréissteklass.
Duerch de westlechen Deel zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt een an der Puppis vill oppe Stärekéip, wéi z. B.: M46, M47 an de M93.
Wéinst senger Positioun kann d'Stärebild vun Europa aus nëmmen am déiwe Süde ganz gesi ginn wéi a Südspuenien, Sizilien, an am Peloponnes.
Geschicht [änneren]
D'Puppis ass en Deel vum antike Stärebild Argo Navis (Schëff vum Argo), dat zu den 48 Stärebiller gehéiert, déi schonns de Ptolemäus beschriwwen huet.
De franséischen Astronom Lacaille huet dat ausgedeenten an oniwwersiichtlecht Stärebild am Joer 1763 an d'Stärebiller Carina, Vela a Puppis geännert. Dobäi goufen déi fréier Stärebezeechnungen bäigehalen, sou datt all griichesche Buschtaf an deenen dräi Stärebiller nëmmen eemol virkënnt. Dofir gëtt et ee Stär α Carinae (Canopus), awer keng Stären α Puppis oder α Velorum.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| ζ | Naos, Suhail Hadar | 2,25m | 1400 | O5 IAf | |
| π | 2,71m | 1095 | K3 Ib | ||
| ρ | 15 | 2,83m | 63 | F2m + F5 IIp | |
| τ | 2,94m | 183 | K1 III | ||
| ν | 3,17m | 423 | B8 III SB | ||
| σ | 3,25m | 184 | K5 III SB | ||
| ξ | 7 | Azmidiske (Aspidiske) | 3,34m | ||
| c | 3,62m | 1388 | K4 III | ||
| a | 3,71m | 345 | G5 III | ||
| 3 | 3,94m | A2 Iabe | |||
| P | 4,10m | 1965 | B0 III | ||
| 11 | 4,20m | 503 | F7 + F8 II | ||
| J | 11 | 4,22m | 1942 | B0.5 Ib | |
| 16 | 4,40m | 473 | B5 V | ||
| h2 | 4,42m | 311 | K1 II-III | ||
| HR 2906 | 4,44m | 84 | F6 V | ||
| NS | 4,44m | 1875 | K4 III | ||
| q | 4,44m | 93 | A7 III | ||
| V | 4,47m | 1165 | B1 Vp + B2 | ||
| QW | 4,49m | 69 | F0 IV | ||
| QZ | 4,49m | 641 | B2 V | ||
| HR 2948 | 4,50m | 454 | B5 IVn | ||
| ο | 4,40m | 2471 | B1 IV:nne | ||
| f | 4,53m | 358 | B8 IV/V | ||
| HR 3131 | 4,61m | 238 | A1 V | ||
| HR 2949 | 4,62m | 454 | B5 Ivn | ||
| 1 | 4,63m | 977 | K5 III | ||
| HR 3089 | 4,63m | 720 | B1.5 Vp | ||
| HR 2922 | 4,65m | 225 | B8 V | ||
| HR 2881 | 4,65m | 1754 | G2 Ib | ||
| NV | 4,65m | 847 | B2V + B3Ivne | ||
| PU | 4,69m | 551 | B8 IV | ||
| Q | 4,69m | 227 | K0 III | ||
| 19 | 4,72m | 185 | K0 III | ||
| HR 3226 | 4,73m | 4660 | A5 Ib | ||
| HR 2762 | 4,75m | 355 | B8-9 V | ||
| HR 3113 | 4,76m | 1443 | A7 III | ||
| MX | 4,78m | 980 | B2ne | ||
| KQ | 4,82m | 3363 | A4 Ia | ||
| A | 4,83m | 752 | B3 IV-V | ||
| W | 4,83m | 839 | K2 II/III | ||
| HR 2961 | 4,84m | 574 | B3 V | ||
| HR 2874 | 4,85m | 3230 | A6 Ib/II | ||
| L1 | 4,87m | 182 | A0pSi | ||
| H | 4,92m | 192 | A4 IV | ||
| HR 2608 | 4,94m | 1063 | M1 III | ||
| HR 2959 | 4,98m | 677 | K3 III | ||
| HR 2549 | 4,99m | 906 | K2 / K3III | ||
| 20 | 4,99m | 1231 | G5 Ib/II | ||
| HR 3079 | 5,01m | 59 | F3 / F5V | ||
| HR 2770 | 5,03m | 959 | B3 V | ||
| 4 | 5,03m | 236 | F2 V | ||
| HR 2998 | 5,04m | 79 | G5 IV | ||
| HR 2462 | 5,05m | 436 | G8 III | ||
| t | 5,07m | 760 | B4 IV/V | ||
| HR 3035 | 5,07m | 1240 | B2IV/V | ||
| N | 5,08m | 1284 | B2.5 IV | ||
| OS | 5,09m | 1178 | B2 V | ||
| 12 | 5,09m | 786 | G8 II | ||
| L2 | 5,10m | 198 | M5 IIIe | ||
| NW | 5,11m | 836 | A0 V | ||
| HR 2719 | 5,12m | 313 | K2 III | ||
| HR 3002 | 5,12m | 216 | K1 III | ||
| HR 2548 | 5,14m | 82 | F5 III | ||
| O | 5,14m | 300 | K2 III | ||
| 9 | 5,16m | 54 | G2 V | ||
| 6 | 5,17m | 253 | K3 III | ||
| HR 3283 | 5,18m | 1631 | B2 IV-V | ||
| HR 2666 | 5,20m | 315 | Am | ||
| HR 3037 | 5,22m | 1673 | B1 V | ||
| HR 3140 | 5,22m | 189 | F3 V | ||
| F | 5,24m | 469 | A0 V | ||
| MZ | 5,25m | 2347 | M2 II | ||
| HR 2384 | 5,28m | 169 | F2 V | ||
| E | 5,30m | 434 | A3pSrEuCr | ||
| HR 3315 | 5,32 | 507m | K4 / K5III | ||
| HR 3043 | 5,32m | 321 | G0 III | ||
| HR 3183 | 5,33m | 1222 | A3 Ib/II | ||
| HR 3114 | 5,36m | 1121 | B2.5 V | ||
| HR 3018 | 5,36m | 50 | G0 V | ||
| HR 2981 | 5,41m | 618 | B3 V | ||
| y | 5,41m | 557 | B3 V | ||
| HR 3085 | 5,44m | 757 | K1 IIICN | ||
| HR 3326 | 5,45m | 813 | B3 V | ||
| 5 | 5,48m | 99 | dF5 | ||
| HR 3091 | 5,48m | 801 | B2 V |
Den hellste Stär ζ Puppis ass en extrem liichtkräftege blo-wäissen Iwwerris mat der Spektralklass O5 op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer. Hien huet déi 18fach Mass, de 40fachen Duerchmiesser an déi 20.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Naos staamt aus dem Griicheschen a bedeit „Schëff“.
Duebelstären [änneren]
| System | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| π | ||
| ξ | 3,3 / 5,3m | 288" |
| κ | 4,5 / 4,6m | 9,9" |
| n | 5,8 / 5,9m | 9,7" |
| ν | 4,7 / 5,1m | 240" |
Den π Puppis, ass den zweethellste Stär an der Puppis. Et ass en Duebelstäresystem, op enger Distanz vun 1.095 Liichtjoer. Et handelt sech em een Iwwerris deen orange liicht, a gëtt begleet vun engem wäisse Stär.
D'System ξ Puppis (och Azmidiske genannt) ass 1.348 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi Stäre mat der Spektralklassen G3 an G0. Wéinst hirem wäite Wénkelofstand vun 288 Bousekonnen kënne si schonns mat engem klengen Teleskop observéiert ginn.
Verännerlech Stären [änneren]
| Stär | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| L2 | 2,6m bis 6,2m | 140 Deeg | Hallefregelméisseg Verännerlecher |
Den L2 Puppis ass en hallefregelméisseg Verännerlechen Stär a steet op enger Distanz vun 198 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Seng Hellegkeet ännert iwwert en Zäitraum vu ronn 140 Deeg. Et ass e roude Stär mat der Spektralklass M3 III. Während dem Maximum ass hien opfälleg hell, am Minimum kann kann hien ënner gënschtege Siichtbedingungen just nach mat bloussem A gesinn ginn
Messier- an NGC-Objeten [änneren]
| Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 46 | 2437 | 6,5m | Oppene Stärekoup | ||
| 47 | 2422 | 4,5m | Oppene Stärekoup | ||
| 93 | 2447 | 6,5m | Oppene Stärekoup | ||
| 2423 | 6,5m | Oppene Stärekoup | |||
| 2438 | 10,5m | Planetareschen Niwwel | |||
| 2451 | 3,0m | Oppene Stärekoup | |||
| 2477 | 6,0m | Oppene Stärekoup | |||
| 2539 | 6,5m | Oppene Stärekoup | |||
| 2546 | 6,5m | Oppene Stärekoup |
Am Stärebild Puppis ass eng Rei vun Oppene Stärekéip. Dräi dervun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten de Messier-Katalog opgeholl.
De M 46 ass e Stärekoup op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer.
Am nërdlechen Deel vum M 46 steet de Planetareschen Niwwel NGC 2438. Den Niwwel gehéiert net zum Stärekoup. Hie steet op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer.
De M 47 ass ronn 1.800 Liichtjoer ewech. Hien ass mat bloussem A als niwwelege Fleck ze erkennen. Et handelt sech ëm e relativ jonke Stärekoup mat bloe Stären.
De M 93 läit ca. 4.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.
Den NGC 2451 ass den hellste Stärekoup am Stärebild Puppis a mat bloussem A däitlech ze gesinn. Opgrond vu senger südlecher Positioun kann hien allerdéngs vu Mëtteleuropa net gesi ginn. Hie läit op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Puppis – Biller, Videoen oder Audiodateien |