Pyxis (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Date vum Stärebild Pyxis | |
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Schëffskompass |
| Laténgeschen Numm | Pyxis |
| Laténgesche Genitiv | Pyxidis |
| Laténgesch Ofkierzung | Pyx |
| Rektaszensioun | 8h 26m bis 9h 27m |
| Deklinatioun | -37° bis -17° |
| Fläch | 221 Quadratgrad 221 |
| Siichtbar op de Breedegraden | 53° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Wanter, um Horizont |
| Zuel vu Stären mat Gréisst < 3m |
0 |
| Hellste Stär, Gréisst |
α Pyx, 3,68m |
| Meteorstréim | |
| Nopeschstärebiller (vu Norde am Auerzäresënn) |
Hydra Puppis Vela Antlia |
De Schëffskompass (laténgesch: Pyxis) ass e Stärebild vum südlechen Himmel.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
De Pyxis ass e klengt Stärebild südlech vun der Hydra (Waasserschlaang). Nëmmen een vun sengen Stären ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.
Duerch de Pyxis zitt sech d’Band vun der Mëllechstrooss mat zwee oppe Stärekéip.
Geschicht [änneren]
D’Stärebild gouf 1756 vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille agefouert. Kuckt heizou och den Artikel iwwert d’Geschicht vum Stärebild Puppis.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| Stär | Numm | Gréisst |
|---|---|---|
| α Pyx | 3,68m | |
| β Nor | 4,0m | |
| γ Nor | 4,0m |
Den α Pyxidis ass e Stär op enger Distanz vun 1200 Liichtjoer a gehéiert zu der Spektralklass B2 III.
NGC-Objeten [änneren]
| NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|
| 2627 | 8,4m | Oppene Stärekoup | ||
| 2818 | 8,2m | Oppene Stärekoup |
Kuckt och [änneren]
| Commons: Pyxis (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |