Puppis A
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
|
Röntgenfoto vum Neutronestär an dem Supernovaremanents Puppis A: D'Chandra Dräi-Farwebild (inset) ass eng Regioun vum Supernovarescht Puppis A (ROSAT, blo). D'ROSAT-Bild huet e Wénkelberäich vun 88 Bouminutte. D'Röntgenenergien 0.4-0.7 keV sinn rout, 0.7-1.2 keV gréng an 1.2-10 keV blo duergestallt.
|
|||||
| Stärebild | Puppis Pup | ||||
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
| Rektaszensioun | 08h 24m 07s | ||||
| Deklinatioun | - 42° 59' 48" | ||||
| Ausgesinn | |||||
| Wénkelduerchmiesser | 1° | ||||
| Physikalesch Donnéeën | |||||
| Distanz (Lj) | 7.000 Lj | ||||
| Geschicht | |||||
| Entdeckungsdatum | 1971 | ||||
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
Puppis A ass e Supernovarescht am Stärebild Puppis. Hien ass entstanen duerch eng Supernova-Explosioun virun 3.700 Joer an huet elo en Duerchmiesser vu 10 Liichtjoer. De Supernovarescht iwwerdeckt sech visuell mat deem vun der Vela-Supernova, ass awer véiermol souwäit ewech.
De Puppis A ass ee vun den hellsten Himmelsobjeten am Röntgenberäich. Duerch Observatiounen mat dem Röntgensatellit ROSAT konnt deen duerch d'Supernova aus dem Virgängerstär entstanene Neutronestär identifizéiert ginn. Dëse beweegt sech mat enger ganz héijer Vitesse vu 5 Millioune Kilometer pro Stonn an ass weder optesch nacht radioastronomesch noweisbar.[1]
Inhaltsverzeechnes |
Observatiounsgeschicht [änneren]
D'Puppis A gouf ëm 1950 als Radiosquell observéiert,[2] kuerz drop konnt hir am optesche Beräich en Niwwel bäigeprafft ginn, an et gouf e Glach mat Cassiopeia A erkannt.[3] Opgrond vun der Radioemissioun am Ausgesinn gouf Puppis A Enn vun den 1960er als Supernovarescht identifizéiert.[4]
D'Röntgenemmissioun vum Puppis A gouf mat Héichtefuerschungsrakéiten 1970[5] an 1971 observéiert, déi lescht als Puppis X-1 verzeechent. Eng Observatioun mam UHURU-Satellit mat der Referenz 2U 0821-42 am Joer 1972 publizéiert.[6]
Vill Studie goufen bis elo vu Puppis A gemaach. Ënnersich am Infraroutberäich goufe beispillsweis mam Spitzer-Weltraumteleskop[7] a mat dem Wide-field Infrared Survey Explorer-Satellit gemaach. Bei dem leschten hu sech bal déiselwecht Strukture gewisen wéi an de Röntgenënnersich an en däitleche Kontrast zu der eelerer Vela-Supernova.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- "Puppis A: Chandra Reveals Cloud Disrupted By Supernova Shock", Chandra: NASA/CXC/GSFC/U.Hwang et al.; ROSAT: NASA/GSFC/S.Snowden et al., [1]
- Simbad
Referenzen [änneren]
- ↑ R. Petre, C. M. Becker, P. F. Winkler: A Central Stellar Remnant in Puppis A, 1996ApJ...465L..43P
- ↑ G. J. Stanley, Slee O. B.: Galactic Radiation at Radio Frequencies. II. The Discrete Sources, 1950AuSRA...3..234S
- ↑ W. Baade, R. Minkowski: Identification of the radio sources in Cassiopeia, Cygnus A, and Puppis A., 1954ApJ...119..206B
- ↑ A. Poveda, L. Woltjer: Supernovae and Supernova Remnants, 1968AJ.....73...65P
- ↑ F. D. Seward et al.: Soft X-Rays from Vela-X and Puppis A., 1971BAAS....3Q.393S
- ↑ Giacconi, R.; Murray, S.; Gursky, H.; Kellogg, E.; Schreier, E.; Tananbaum, H.: The Uhuru catalog of X-ray sources., 1972ApJ...178..281G
- ↑ Richard G. Arendt et al.: Spitzer Observations of Dust Destruction in the Puppis A Supernova Remnant, 2010ApJ...725..585A