Wide-field Infrared Survey Explorer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
WISE op der Delta II 7320
WISE bei de Startvirbereedungen

Wide-Field Infrared Survey Explorer (WISE, ufanks och Next Generation Sky Survey, NGSS) genannt, ass e Weltraumteleskop vun der NASA, dat de ganzen Himmel am Infraroutberäich untersiche soll. No dem erfollegräiche Start, dréit et och den Numm Explorer 92.

Zu den Objeten, déi WISE ënnersiche soll, gehéieren

WISE gouf vu Ball Aerospace gebaut an hat e Startgewiicht vun 661 kg. Si verbrauch 301 Watt Stroum, déi vun engem Solarzellenfeld mat 551 Watt Maximalleeschtung geliwwert ginn. De Start war de 14. Dezember 2009 um 14:09:33 Auer UTC mat enger Delta-II-7320-10C-Rakéit vun der Vandenberg Air Force Base. Déi 525 km héich Ëmlafbunn ass sonnesynchron an ass ëmmer iwwert der Dämmerungslinn. Den 29. Dezember 2009 gouf d'Schutzkap vum Teleskop ofgesprengt.[2][3] Déi éischt Biller vun der Missioun goufen de 6. Januar 2010 no der vollstänneger Kalibréierung vu WISE publizéiert.[2] D'Teleskop soll a siwe Méint de ganzen Himmel ofsichen; a kuckt dobai ëmmer vun der Äerd ewech a beweegt sech gläichfërmeg iwwert den Himmel, e beweeglechen Ëmlenkspigel fréiert awer d'Gesiichtsfeld vun 47′ × 47′ fir e puer Sekonnen op den Detektere mat jee 1024 × 1024 Bildelementer an. Observatioune sollen a véier Wellenlängtebänner ëm 3,3, 4,7, 12 an 24 μm geschéien.

D'Teleskop vu WISE huet en Duerchmiesser vun 40 cm, d'Optik an d'Detektere gi vun engem Kryostat mat festen Waasserstoff gekillt.[4]

An der zweeter Hallschent vum Juli 2010 hat WISE déi éischt Himmelsduerchmusterung ofgeschloss. De Weltraumteleskop hat an engem hallwe Joer 1,3 Millioune Biller gemaach.

De 5. Oktober 2010 gouf bekannt, datt no 1,5 Himmelsduerchmusterungen de Waasserstoff verdämpt ass an d'Teleskop sech doduerch op −203 °C opgewiermt hat. D'Missioun gouf ënnert der Bezeechnung NeoWise bis Januar 2011 fortgesat, well d'Sensore fir déi béid kierzt Wellelängten och bei der héijer Temperatur funktionéieren. D'Zil ass, och déi zweet Himmelsduerchmusterung ofzeschléissen an Asteroiden a Koméiten an eisem Sonnesystem z'ënnersichen.[5]

Kuckt och[änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Wide-field Infrared Survey Explorer – Biller, Videoen oder Audiodateien
WISE

Referenzen[änneren]

  1. An Avalanche of Dark Asteroids science@nasa, 26. März 2010
  2. 2,0 2,1 NASA's WISE Space Telescope Jettisons its Cover NASA 29. Dezember 2009
  3. WISE observatory sheds lens cap and takes in starlight spaceflightnow , 29 . Dezember 2009
  4. Amanda K. Mainzer, et al.: Preliminary Design of The Wide-Field Infrared Survey Explorer (WISE),S.1: "The single WISE instrument consists of a 40 cm diamond-turned aluminum afocal telescope, a two-stage solid hydrogen cryostat, a scan mirror mechanism, and reimaging optics giving 5″resolution (full-width-half-maximum)." pdf@arxiv; WISE solid hydrogen cryostat design overview@adsabs.harvard.edu; NASA's WISE Cryostat nasa.gov, abgerufen am 21. Februar 2011
  5. NASA's NEOWISE Completes Scan for Asteroids and Comets