Héichtefuerschungsrakéit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Héichtefuerschungsrakéit Nike Apache
Déi kanadesch Héichtefuerschungsrakéit Black Brant

Eng Héichtefuerschungsrakéit ass an der Regel e ballistesche Fluchkierper, deen aus enger undreiwender Feststoffrakéit an engem opgesaten Notzlaaschtbehälter besteet. D'Virbereedunge fir de Start si méi einfach wéi z. B. an der Raumfaart. Als Notzlaascht gi Moossinstrumenter fir wëssenschaftlech Fuerschungen an Héichten tëscht 45 km an iwwer 1.200 km geschoss. Jee no Zilsetzung kënne folgend Instrumenter agesat ginn:

A ville Fäll falen d'Moossinstrumenter no hirem Héichtenasaz un Fallschiermer zréck op d'Äerd, wou se gebuerge ginn an d'Miessungen ausgewäert ginn, anerersäits kënnen d'Miessdaten och mat Funk iwwermëttelt ginn.

Als Rakéite kënnen prinzipiell gelenkt oder ongelenkt Flëssegkeets-, Hybrid- oder Feststoffrakéiten agesat ginn. Aus Käschtegrënn ginn haut meeschtens ongelenkt Feststoffrakéiten gebraucht. Dës Rakéiten ginn och als meteorologesch Rakéiten bezeechent. Gelenkt Feststoffrakéiten ginn nëmmen fir Experimenter, déi eng exakt Fluchbunn brauchen, agesat. Flëssegkeets- an Hybridrakéiten ginn geleegentlech fir méi schwéier Notzlaaschten gebraucht.

Héichtefuerschungsrakéite gi meeschtens vu mobilen Ofschossariichtungen aus gestart.

Besonnesch Experimenter[änneren | Quelltext änneren]

Dir d'Moosse vu Wandvitesse gëtt entweder d'Positioun vun enger Moosskapsel, déi un engem Fallschierm op d'Äerd zréckkënnt an och aner Moossinstrumenter (zum Beispill fir d'Bestëmmung vun der Temperatur) opweise kann, bestëmmt oder et gi Konschtstoffsträife mat Metallbeschichtung ofgeworf, deenen hir Fluchbunn mat engem Radar verfollegt ka ginn. Och d'Fabrikatioun vu kënschtleche Wolleken, zum Beispill aus Titandioxid ass heifir méiglech. Fir d'Äerdmagnéitfeld ze vermoossen, gi Behälter mat Alkali- oder Äerdalkalimetaller matgefouert, déi um héchste Punkt vun der Bunn explodéiere gelooss ginn. Duerch d'Sonnestralung ginn déi liicht ioniséierbar Elementer ioniséiert, an déi geluede Ione verdeele sech an Ofhängegkeet vun de Feldlinnen.

Beispiller vun Héichtefuerschungsrakéiten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie