Kamera

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
35 mm Filmkamera Arriflex 300 an engem schwéiere Blimp

Eng Kamera (v. lat. camera - Kummer) ass en opteschen Apparat, mat deem een vun senger Ëmwelt Filmer (engl. movies) maache kann. Et schwätzt ee vun enger Filmkamera bzw. enger Videokamera.

Déi ganz Gattung vun de Kamerae krut hiren Numm vun der Camera Obscura. Dës hat nach kee cheemesche Film fir d'Bildopzeechnung an aplaz vun engem Objektiv (Optik) hat se just e klengt Lach. Si huet hiert Bild op eng riicht Fläch projezéiert, z.B. an eng grouss Këscht an där ee konnt erëmgoen, op eng matt Scheiw oder einfach op d'Plack vun engem Dësch. Esou konnt een dann ganz realistesch Zeechnungen maachen.

D'Kuerzform Cam, déi vun der englescher Bezeechnung Camera ofgeleet ass, gëtt dacks och an ofgekierzte Konschtwierder gebraucht, wéi z.B. Webcam oder Digicam.

Déi wichtegst Baudeeler vun enger Kamera sinn d'Objektiv, de Verschloss, d'Steierung an de Boîtier. Am Boîtier ass bei enger Filmkamera d'Féierung fir de liichtempfindlichen Negativfilm.

Bäi enger Digitalkamera gëtt aplaz vun engem Film e liichtempfindlichen Hallefleeder-Sensor agesat. Fir gewéinlech gebraucht een do sougenannte CCD- oder CMOS-Sensoren. Dës Sensore wandelen d'Luucht déi afällt jee no senger Intensitéit an elektresch Ladung ëm. Dës gëtt no der Opnam iwwer integréiert Schaltungen ausgelies, analog-digital-gewandelt, codéiert (cf. Datekompressioun) an ofgespäichert. Bei gréissere Studiokamerae kommen awer ëmmer nach Bildtuben (Vidicon) zum Asaz.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen