Chamaeleon (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Chamaeleon
Lëtzebuergeschen Numm Chamäleon
Laténgeschen Numm Chamaeleon
Laténgesche Genitiv Chamaeleontis
Laténgesch Ofkierzung Cha
Positioun um südlechen Himmel
Rektaszensioun 7h 27m bis 13h 56m
Deklinatioun -75°15´ bis -15°30´
Fläch 132 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 7° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Chamaeleontis
4,05m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Carina
Volans
Mensa
Octans
Apus
Musca
Kaart vum Stärebild Chamäleon

De Chamäleon ass e Stärebild um Südhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Chamäleon ass een onschäinbart Stärebild an der Ëmgéigend vum südlechen Himmelspol. Et besteet aus enger Grupp vu Stären, vun deene kee méi hell ass, wéi déi 4. Gréissteklass.

D'Stärebild steet an enger relativ stärenaarmer Regioun an huet keng interessant niwweleg Objeten. Vun Europa aus ass et net ze gesinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Chamäleon gehéiert zu deenen 12 Stärebiller, déi vun den hollänesche Séifuerere Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman tëscht de Jore 1595 a 1597 agefouert goufen. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a säi Stärenatlas Uranometria opgeholl.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 4,05m 80 F6 IV
γ 4,11m 250 M0 III
β 4,24m
θ 4,34m 800 B0 V
δ2 4,45m B3
ε 4,88m 300 B9 + A0
κ 5,04m
ζ 5,07m
ι 5,34m
ν 5,43m
δ1 5,46m K0
η 5,46m
μ 5,53m
π 5,64m
9 6,05m
μ2 6,60m

Den α Chamaeleontis, den hellste Stär am Chamäleon, ass ronn 80 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Stär mat der Spektralklass F6 an e liicht wäiss.

Den γ Chamaeleontis ass 250 Liichtjoer vun eis ewech a liicht rout. Seng Spektralklass ass M0.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
δ 4,5m/5,5m 265 "
ε 4,9m/6,5m 135"

De Stär δ1 an den δ1 gesi mam bloussen A aus wéi en Duebelstär. Tatsächlech si si net physikalesch matenee verbonnen, mä stinn zoufälleg optesch vun der Äerd aus gesinn zimlech no beieneen.

Planemos[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2005 gouf am Stärebild Chamäleon e Planemo entdeckt. Den Objet krut d'Bezeechnung Cha 110913-773444 (Rektaszensioun: 11h 9m 13,63s Deklinatioun: −77°34′44,6″). Et ass fir e Brongen Zwerg ze kleng a kann dofir mat enger Mass vun aacht Jupitermassen als Planéit ouni Stär ugesi ginn. Ronderem hien existéiert eng Stëbsscheif, an där sech Planéiten oder Mounden opbaue kënnen. Hie weist en Alter vu nëmmen 2 Millioune Joren op an ass ronn 500 Liichtjoer vun eis ewech. Aus der Diskussioun fir seng Anuerdnung goung de Fachbegrëff Planemo eraus.

Entdeckt gouf de Cha 110913-773444 mat dem Spitzer-Weltraumteleskop, dat de Kosmos am Beräich vum Infraroutliicht ënnersicht. Den US-Astronom Kevin Luhman hat schonn am Joer 2004 deen deemools klengste bekannte Brongen Zwerg entdeckt, deen och vun enger protoplanetarer Stëbsscheif ëmginn ass. Dëst Objet - OTS 44 – huet 15 Jupitermassen, a goung just nach als Stär duerch (Brongen Zwerg). De Cha 110913-773444 huet nëmmen d'Hallschent vun der Mass vum OTS 44.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chamaeleon – Biller, Videoen oder Audiodateien