Apus (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Paradäisvull |
| Laténgeschen Numm | Apus |
| Laténgesche Genitiv | Apodis |
| Laténgesch Ofkierzung | Aps |
| Rektaszensioun | 13h 50m bis 18h 27m |
| Deklinatioun | -67°30´ bis -83°05´ |
| Fläch | 206 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 7° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
| Stärenzuel mat Gréisst < 3m |
0 |
| Hellste Stär, Gréisst |
[[γ Apodis, 3,83m |
| Meteorstréim | |
| Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerrzäresënn) |
Triangulum Australis Circinus |
De Paradäisvull, op Latäin Apus, ass e Stärebild um Südhimmel.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
Den Apus ass een onscheinbaart Stärebild an der Géigend vum südlechen Himmelspol. Mëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi déi 4. Gréissteklass. D'Stärebild soll en tropesche Vull duerstellen.
Geschicht [änneren]
Den Apus war eent vun den zwielef Stärebiller déi um Enn vum 16. Joerhonnert vum Petrus Plancius op Bassis vun Observatiounen vun den hollänesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman opgezeechent gouf. Stäredild gouf fir d'éischt 1597 oder 1598, op engem Himmelsglobus duergestallt, deen zu Amsterdam erauskoum, a vum Petrus Plancius a Jodocus Hondius opgestallt gi war. De Johannes Bayer huet déi Konstellatioun ënner dem Numm Avis Indica (Indische Vull) 1603 a säin Himmelsatlas Uranometria opgeholl.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Numm | m | M | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|---|
| α | 3,88 | -1,67 | 411 | K5 III | ||
| γ | 3,86 | 0,41 | 160 | K0 IV | ||
| β | 4,23 | 0,81 | 158 | K0 III | ||
| δ1 | 4,68 | -2,17 | 770 | M5 IIIb | ||
| ζ | 4,76 | -0,14 | 312 | K1 III | ||
| η | 4,89 | 1,73 | 140 | A2m | ||
| ε | 5,06 | -0,18 | 551 | B4 V | ||
| δ2 | 5,27 | -1,27 | 660 | K3 III | ||
| R | 5,37 | -0,22 | 428 | K4 III | ||
| ι | 5,39 | -2,34 | 1150 | B9 V + B9 V | ||
| κ1 | 5,40 | -2,07 | 1020 | B3 IVe + K5 IV | ||
| θ | 5,50 | 0,48 | 328 | M6.5 III | ||
| HR 6135 | 5,50 | -1,80 | 940 | K1 III CN | ||
| κ2 | 5,64 | 735 | B7 III + K0 V |
Den hellste Stär am Paradäisvull ass den α Apodis. Hie läit 410 Liichtjoer vun eis ewech an ass e Roude Ris mat der fënneffacher Mass vun eiser Sonn.
Duebelstären [änneren]
| System | m | Ofstand |
|---|---|---|
| δ | 4,68/5,27 | 102,9 " |
| κ1 | 5,43/12 | 27" |
| κ2 | 5,64/12,5 | 15" |
Den δ Apodis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 663 Liichtjoer. Déi hellste Komponent ass ee roude Ris mat der Spektralklass M5 III, dee seng Hellegkeet ouni erkennbar Period verännert. Déi zweet Komponent ass ee Stär, deen orange liicht an d'Spektralklass K3 III huet. D’System huet e wäite Wénkelofstand vun 102,9 Bousekonnen an ass gutt z'observéieren.
Verännerlech Stären [änneren]
| Stär | m | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| δ1 | 4,66 bis 4,87 | onregelméisseg Verännerlechen | |
| ε | 5,06 +- 0,05 | Gamma-Cassiopeiae-Stär | |
| κ1 | 5,43 bis 5,61 | Gamma-Cassiopeiae-Stär | |
| θ | 5,69 +- 0,56 | 119 Tage | hallegregelméisseg Verännerlechen |
Den ε Apodis ass e verännerleche Stär. Hien ass 551 Liichtjoer vun eis ewech an ass vum Typ Gamma-Cassiopeiae. Seng Hellegkeet huet kleng Schwankungen ëm 0,05 Gréissteklassen.
Den θ Apodis ass een hallefregelméisseg verännerleche Stär a gehéiert zu der Spektralklass M. Seng Hellegkeet variéiert an enger Period vun 119 Deeg tëschent 5,5 an 6,6 mag.
NGC-Objeten [änneren]
| NGC | divers | m | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|
| 5612 | Galaxis | |||
| 5799 | Galaxis | |||
| 6101 | 9,0 | Kugelstärekoup |
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Apus – Biller, Videoen oder Audiodateien |