Adlerniwwel
|
|
|
|---|---|
|
Foto vum Adlerniwwel European Southern Observatory
|
|
| Objettyp | Emissiounsniwwel (Typ H II) |
| Stärebild | Serpens (Ser) |
| Positioun (Equinoxe J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 18h 18.8m |
| Deklinatioun | − 13° 49' |
| Klassifikatioun | II,3,m,n (Trumpler), e (Shapley) |
| Ausgesinn | |
| Visuell Magnitude | + 6,0 mag |
| Wénkelduerchmiesser | 7,0' |
| Physikalesch Daten | |
| Gehéiert zum | |
| Distanz | ca. 7000 Liichtjoer |
| Routverrécklung | 60 ∙ 10−6 |
| Radial Vitesse | 18,0 |
| Alter | 5,5 Mio. |
| Entdecker | Cheseaux |
| Entdeckungsjoer | 1745 |
| Katalogbezeechnungen | |
| Messier 16, NGC 6611, C 1816-138, OCl 54, OCISM 10 | |
Den Adlerniwwel oder IC 4703 (kuckt Index-Katalog) ass en Niwwel zesumme mat engem Oppene Stärekoup am Stärebild Serpens. Dëse Koup huet am Messier-Katalog d'Nummer M 16 resp. am NGC d'Nummer NGC 6611. A ville Kataloge ginn d'Niwwelen an d'Stärekéip gläichbedeitend opgefouert, sou datt d'Messier-Katalog-Bezeechnung meeschtens och fir den Niwwel gebraucht gëtt.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
Den Adlerniwwel ass ongeféier 7.000 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Hien huet eng Visuell Magnitude vu 6,4m.
Et ass en Emissiounsniwwel (Typ H II), aus deem sech en oppene Stärekoup forméiert. E besteet haaptsächlech aus Waasserstoff, dee sech wéinst der niddreger Temperatur zu Waasserstoffmolekülen zesummeschléisse konnt. Den ca. 20 Liichtjoer grousse Niwwel huet Stëbssäilen, déi bis zu 9,5 Liichtjoer laang sinn an un deenen hire Spëtzten nei Stäre sinn, woufir si och Pillars of Creation (Säile vun der Genesis) gedeeft goufen. Déi Onduerchsiichtegkeet vum Niwwel kënnt duerch Silikat- a Kuelestoffpartikel zoustanen. Den Alter vun de Stäre läit bei ronn 800.000 Joer. E puer Stäre sinn ganz jonk, a ginn op 50.000 Joer geschat.
Entdeckung [änneren]
Den oppene Stärekoup gouf vum Schwäizer Astronom Jean-Philippe de Chéseaux während der Kartographéierung vun 21 Niwwelen an de Jore 1745 a 1746 entdeckt.
Onofhängeg vun der Observatioun vum Chésaux, (seng Lëscht koum eréischt 1892 eraus, hat de franséischen Astronom Charles Messier den Niwwel 18 Joer méi spéit entdeckt. Seng Observatioun hat de Messier den 3. Juni 1764 a sengem Katalog agedroen. Den observéierte Stärekoup gëtt a sengem Katalog als "e Koup vu klenge Stären, agebett an engem schwaachen Gléien" beschriwwen. Ausserdeem stellt hie fest, datt dëse Stärekoup an engem "klengen Teleskop wéi en Niwwel ausgesäit". Eng direkt Observatioun vum Niwwel, sou wéi d'Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop e weisen, gouf nach net gemaach.
Fuerschung [änneren]
1995 goufe mam Hubble-Weltraumteleskop Fotoe vun dëser Regioun gemaach, déi faszinéierend Strukture gewisen hunn. Et war fir déi éischt Kéier gelongen, detailléiert Ablécker an d'Genesisprozesser vu Stären ze maachen. D'Säile gläichen der Struktur vu Gräifvullen am Stuerzfluch, wouduerch den Niwwel säin Numm krut.
Ufank 2007 hat de Spitzer-Weltraumteleskop Fotoen am Infraroutberäich gemaach. Déi Fotoe weisen den intakte Niwwel, wéi een e vu bekannte Fotoen vum Hubble-Teleskop kennt, an eng Wollek aus gliddegem Stëbs. Et gëtt ugeholl, datt déi Wollek en Iwwerrescht vun enger Stärenexplosioun respektiv vun enger Supernova ass, an datt se wahrscheinlech genuch Kraaft huet, fir d'Molekülwolleken, aus deenen d'Säile bestinn, an hirer Form ze veränneren. Sou besteet d'Méiglechkeet, datt dës Wollek vun der Supernova Stëbs a Gasen aus dem Niwwel mat sech räisst an déi doran an dohannert verstoppt jonk Stäre fräileet. D'Supernova, déi de méiglechen Ausléiser war, konnt wahrscheinlech virun ee bis zweedausend Joer um Himmel observéiert ginn. Duerch d'Distanz vu 7000 Liichtjoer läit d'Evenement schonns aacht oder néngdausend Joer zréck. Astronome spekuléieren, datt d'Säile schonns fort kéinte sinn, mir awer wéinst der grousser Distanz an der Zäit, déi d'Liicht fir dës Rees brauch, (kuckt Liichtvitesse), nach den Zoustand vum Niwwel gesinn, wéi viru 7000 Joer.
|
Ausschnëtt vum Adlerniwwel mat dem Hubble-Weltraumteleskop (Falschfaarwen-Duerstellung): D'Saile vun der Genesis.
|
Hubble-Foto aus dem Joer 2006
|
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Adlernebel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Virtuelle Tour bei Hubblesite.org (flash)
- Detailbild einer Säule, spacetelescope.org
- Detailbild aus dem Adlernebel
- Die Säulen der Schöpfung Vor- und nach Fehlerkorrektur
- M16 The Eagle Nebula
M 1 - M 2 - M 3 - M 4 - M 5 - M 6 - M 7 - M 8 - M 9 - M 10 - M 11 - M 12 - M 13 - M 14 - M 15 - M 16 - M 17 - M 18 - M 19 - M 20 - M 21 - M 22 - M 23 - M 24 - M 25 - M 26 - M 27 - M 28 - M 29 - M 30 - M 31 - M 32 -M 33 - M 34 - M 35 - M 36 - M 37 - M 38 - M 39 - M 40 - M 41 - M 42 - M 43 - M 44 - M 45 - M 46 - M 47 - M 48 - M 49 - M 50 - M 51 - M 52 - M 53 - M 54 - M 55 - M 56 - M 57 - M 58 - M 59 - M 60 - M 61 - M 62 - M 63 - M 64 - M 65 - M 66 - M 67 - M 68 - M 69 - M 70 - M 71 - M 72 - M 73 - M 74 - M 75 - M 76 - M 77 - M 78 - M 79 - M 80 - M 81 - M 82 - M 83 - M 84 - M 85 - M 86 - M 87 - M 88 - M 89 - M 90 - M 91 - M 92 - M 93 - M 94 - M 95 - M 96 - M 97 - M 98 - M 99 - M 100 - M 101 - M 102 - M 103 - M 104 - M 105 - M 106 - M 107 - M 108 - M 109 - M 110
NGC 6587 | NGC 6588 | NGC 6589 | NGC 6590 | NGC 6591 | NGC 6592 | NGC 6593 | NGC 6594 | NGC 6595 | NGC 6596 | NGC 6597 | NGC 6598 | NGC 6599 | NGC 6600 | NGC 6601 | NGC 6602 | NGC 6603 | NGC 6604 | NGC 6605 | NGC 6606 | NGC 6607 | NGC 6608 | NGC 6609 | NGC 6610 | NGC 6611 | NGC 6612 | NGC 6613 | NGC 6614 | NGC 6615 | NGC 6616 | NGC 6617 | NGC 6618 | NGC 6619 | NGC 6620 | NGC 6621 | NGC 6622 | NGC 6623 | NGC 6624 | NGC 6625 | NGC 6626 | NGC 6627 | NGC 6628 | NGC 6629 | NGC 6630 | NGC 6631 | NGC 6632 | NGC 6633 | NGC 6634 | NGC 6635 | NGC 6636