Dodekathlos

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Dodekathlos ginn déi 12 Aarbechte bezeechent déi den Herakles fir de Kinnek Eurystheus ausgefouert huet.

Fir vun der Schold erléist ze ginn déi e sech opgeluet hat, well e seng Fra Megara a seng dräi Kanner ëmbruecht hat, ass den Herakles op Rot vu sengem Papp Zeus, anere Quelle no vum Pythia vum Orakel vun Delphi, fir 12 Joer an den Déngscht vum Kinnek Eurystheus getrueden, an huet an deem sengem Optrag d'Heldendoten ausgeféiert.

De Kampf géint de Nemeeësche Léiw[änneren | Quelltext änneren]

Dem Herakles seng éischt Aufgab war fir dem Eurystheus den neméesche Léiw ze bréngen deen an der Géigend vun Nemea um Peloponnes säin Onwiese gedriwwen huet. Bis du konnt keen him eppes undoe well en duerch mënschlech Waffen net konnt blesséiert ginn.

Den Herakles huet e fonnt a seng Fäiler op en ofgeschoss. Wéi e gemierkt huet dat déi keng Wierkung haten, huet e säi Bou ewechgeluecht, an ass mat bloussen Hänn op de Léiw duergaangen. En huet de Léiw vun hanne gepaakt an hie mat senge gewaltegen Hänn gewiergt bis en erstéckt ass. De Pelz huet en em mat Hëllef vun de Krallen ofgezunn, a sech dunn domat gekleet an de Léiwekapp huet e sech wéi en Helm ugedoen.

De Kampf géint déi Lernäesch Schlaang[änneren | Quelltext änneren]

Den Herakles an d'Hydra - Gustave Moreau - 1876

Déi nächst Aufgab sollt dora bestoen déi lernaesch Schlaang, d'Hydra, doutzemaache well s'an de Véiträpp bei Lerna schwéiere Schued gemaach an de Baueren d'Felder verwüst huet.

D'Hydra war en Ongeheier mat néng Käpp, vun deenen dee mëttelsten onstierflech war. Den Herkles ass higaangen an huet hir ee Kapp nom aneren erofgeschloen, mä fir all Kapp sinn der erëm zwee nogewuess. Wéi der Schlaang dunn och nach e risege Kriibs zu Hëllef komm ass an den Herakles an d'Bee gepétzt huet, huet e fir d'éischt dee missen erleeën. Duerno huet e säin Neveu Iolaos ëm Hëllef geruff. Deen huet e Feier gemaach an all Kéier wann den Herakles e Kapp vun der Hydra erofgeschloen huet, huet den Iolaos d'Wonn ausgebrannt fir datt keng nei Käpp méi nowuesse konnten. Och deen onstierfleche Kapp krut den Herakles vun hirem Leif geschloen an huet en dunn ënner engem Fiels vergruewen. D'Spëtze vu senge Fäiler huet e mat dem gëftege Blutt vun der Hydra getränkt fir sou eng déidlech Waff ze kréien.

D'Afänke vun der Kerynitescher Hirschkou[änneren | Quelltext änneren]

Zu Keryneia an Arkadien huet eng wonnerschéin Hirschkou mat gëllenem Gewei gelieft, déi der Gëttin Artemis helleg war. Déi sollt den Herakles lieweg afänken. Ee Joer laang huet e se duerch verschidde Länner gejot bis et em schliisslech gelongen ass d'Hirschkou duerch e Fäilschoss an d'Been ze verletzen a sou anzefänken. D'Artemis, där en um Heemwee begéint ass, war net grad begeeschtert vun dëser Dot, mä den Herakles konnt si awer nees berouegen a sou ass d'Hirschkou un den Haff vum Eurystheus komm.

D'Afänke vum Erymanthesche Béier[änneren | Quelltext änneren]

Op dem Bierg Erymanthos huet e wëllen a mächtege Béier gelieft deen all Felder a senger Roserei zerstéiert huet. De Kinnek Eurystheus huet dunn dem Herakles gesot e misst de Béier lieweg op säin Haff bréngen. Op der Sich nom Béier ass den Herakles beim Kentaur Pholos era komm an op frëndlech Aart a Weis bewiert ginn. Wéi en awer beim Iessen och Wäi verlaangt huet, deen alle Kentaure gehéiert huet ass et zu engem Kampf komm bei deem de Pholos embruecht ginn ass wéi him e gëftege Fäil vum Herakles deem aus der Hand gefall an um Pholos säi Fouss gefall ass.

Wéi de Béier vum Herakles endlech fonnt gi war huet en dee bis op déi schnéibedeckt Felder vum Erymanthos senge Bierger gedriwwen. Do huet en e mat enger Schläif gefaangen an de wëlle Béier du bei den Eurystheus op den Haff bruecht.

D'Ausmëschte vun den Augiasställ[änneren | Quelltext änneren]

De Kinnek Eurystheus ass lues a lues rosen driwwer ginn, datt den Herakles eng Aarbecht no der anerer geschafft huet a sech säi Ruff sou séier verbreet huet. Mat senger nächster Aufgab wollt en dofir den Held erniddregen an huet em dofir opgedroen d'Ställ vum Kinnek Augias auszemëschten. Deen hat sou grouss Véiträpp datt et em net gelongen ass d'Mëscht aus de Ställ eraus ze kréien. Dowéinst war hien och frou wéi sech den Herakles ugebueden huet fir déi Aarbecht an engem Dag ze maachen (wéi et vum Eurystheus verlaangt gi war). Den Augias hat seng Zweiwelen datt en dat an engem Dag géif schaffen an huet em dofir en Zéngtel vu sengem Véi ugebueden.

Den Herakles hat awer schonn eng Iddi. En huet riseg Lächer an d'Mauere vun de Ställ gemaach an huet de Floss Alpheios, deen net wäit ewech war, doran ëmgeleet. D'Fluten hunn déi ganz Mëscht aus de Ställ erausgespullt a sou ass dem Herakles och déi Aufgab gelongen.

D'Erschéisse vun de Stymphalesche Vullen[änneren | Quelltext änneren]

Als nächst sollt den Herakles mächteg Gräifvullen aus der Supp Stymphalos verdreiwen. Dës Vullen haten eise Kloen a Schniewel, mat deene se grousse Schued op de Felder ronderëm ugeriiicht hunn. D'Vullen hu sech an engem Bësch verstoppt aus deem se just mat Hëllef vun der Gëttin Athene erausgelackelt konnte ginn. Si huet dem Herakles Kofferschelle ginn déi den Hephaistos ugefäerdegt hat. Dës Schellen hu sou e grousse Kaméidi gemaach, datt Vullen erféiert an opgeflu sinn. Dunn huet den Herakles een nom anere mat Fäil a Bou erschoss, an déi puer déi em entkomm sinn, ware sou verschotert dat si sech ni méi gewisen hunn.

D'Afänke vum Kretesche Stéier[änneren | Quelltext änneren]

Aus de Welle vum Mier war en herrleche Stéier eropkomm. Dëse sollt de Kinnek Minos vu Kreta, wéi versprach, dem Poseidon afferen. Awer de Kinnek war sou ageholl vun der Schéinheet vum Stéier, datt en a senger Plaz en anere Stéier aus senger Häerd geaffert huet. Doriwwer ass de Poseidon sou queesch ginn datt en de Stéier mat Roserei beluecht huet, sou datt dee vun do u Kreta onsécher gemaach huet. (Kuckt och: Europa.)

Den Eurystheus wollt elo, datt den Herakles em de Stéier sollt lieweg erbäischafen. No ville Méien ass et dem Herakles och gelongen de Stéier ze zëssen an ass dunn op deem sengem Réck duerch d'Mier op Argos zréckgeschwomm. Den Eurystheus wollt de Stéier der Gëttin Hera afferen, mä déi huet all Geschenk, wat iergendwéi mam Herakes ze dinn hat, ofgewisen an dorophinn ass de Stéier erëm fräi komm.

D'Zësse vun de Päerd vum Diomedes[änneren | Quelltext änneren]

De Kinnek Diomedes vum Thrakien hat en Trapp vu wëlle Mieren déi Mënschefrësser waren. Friemer, déi sech op säin Haff verieren, goufe mat hinne verfiddert ginn. Den Herakles awer huet vun him gefuerdert d'Päerd erauszeginn. Wéi dee sech awer geweigert huet, huet en den Diomedes selwer senge Päerd virgehäit. Knapps hate si de Kinnek gefriess si se ganz zahm ginn an hunn op den Herakles gelauschtert.

D'Besuerge vum Koppel vun der Amazone-Kinnigin Hippolyte[änneren | Quelltext änneren]

D'Ademte, d'Duechter vum Eurystheus, wollt onbedéngt de wäertvolle Koppel vun der Amazonekinnegin Hippolyte hunn. Also huet de Kinnek den Herakles geschéckt fir et erbäizeschafen.

D'Amazonen awer waren e wëllt a martialescht Vollek vu Fraen an den Herakles wousst datt en dat net eleng schaffe kéint, huet dowéinst Fräiwëlleger em sech gesammelt an ass mat hinnen op Pontos a Séi gestach.

Si si vun den Amazone frëndlech opgeholl ginn an d'Hippolyte war beandrockt vum Herakles, deem säi Ruff bis bei si virgedronge war. Dowéinst wollt si him d'Wiergehenk och fräiwëlleg iwwerloossen, mä d'Hera, där dat géint de Strëch gaangen ass, huet sech an eng Amazon verwandelt, Onfridde gestëft an d'Amazonen opgehetzt. Dunn ass et zu engem Kampf komm an den Herakles an seng Leit wieren den Amazonen ënnerleeë gewiescht wann den Herakles net seng iwwermënschlech Kräften agesat hätt.

En huet d'Hippolyte ëmbruecht, hir d'Wiergehenk ofgeholl an et dem Eurystheus iwwerbruecht.

D'Eruewere vun der Rannerhäerd vum Geryoneus[änneren | Quelltext änneren]

Berühmt waren d'Rannerhäerde vum Ris Geryoneus. Si si vum risegen Hiert Eurythionas a vum zweekäppechen Hond Orthos bewaacht ginn. Knapps war den Herakles erfollegräich vu senger Missioun vun den Amazonen erëm huet den Eurystheus en erausgeschéckt fir d'Ranner vum Geryoneus erbäizeschafen.

Op senger Rees ass en a Libye gelant. Do huet de Kinnek Antaios, e Ris, Jong vum Poseidon an der Gaia, all Friemer zu engem Réngkampf opgefuerdert. Hien huet bis dunn ni verluer well e seng Kraaft ëmmer aus der Beréierung mat senger Mamm, der Äerd, bezunn huet. Wéi elo den Herakles dat am Kampf géint den Antaios gemierkt huet, huet en e mat senge kräftegen Äerm gepaakt an en an d'Loft gehuef. A gläich huet dem Antaios seng Kraaft nogelooss an den Herakles konnt en zu Doud erdrécken.

Dunn ass seng Rees weider duerch d'Wüst gaangen, wou et gliddeg waarm war an e kee Waasser fonnt huet, bis e bei den Okeanos komm ass. De Sonnegott Helios huet e mat Biedelen an Dreeën dozou bruecht em seng Bark z'iwwerloossen, dei den Helios all Owed benotzt huet fir den Okeanos z'iwwerquieren. Zuer Erënnerung huet den Herakles op deenen zwou Säite vun der Mierengt déi sougenannt "Saile vum Herakles" opgeriicht.

Op der Insel Eurytheia ukomm huet et mat senger Keil den Hiert a säin Hond erschloen. D'Rannerhäerd huet en iwwer Spuenien, Gallien, Italien an Thrakien heem gefouert. De Rescht huet en dem Eurysteus iwwerginn dee se der Hera geaffert huet.

D'Klaue vun de gëllenen Äppel vun den Hesperiden[änneren | Quelltext änneren]

Den Zeus an d'Hera haten zur Hochzäit vun der Gaia gëllen Äppel geschenkt kritt. Si si vun den Hesperiden a vun engem honnertkäppegen Draach an engem hellege Gaart bewaacht ginn. Nom Wëlle vum Eurystheus sollt den Herakles him 3 Äppel aus dësem Gaart bréngen.

Den Herakles ass opgebrach, ouni ze wësse wou d'Gäert vun den Hesperide géife sinn. Vun de Flossnymphen ass e schliisslech gewuer ginn dat de Flossgott Nereus him géif hëllefen. Den Herakles huet en am Schlof iwwerascht fir dat e net seng Form veränneren an him entkomme kéint . Vum Nereus ass en du gewuer ginn: duerch Libyen an Egypten ass e gereest a schliisslech an dat Land komm wou den Titan Atlas den Himmel op sengem Réck gedroen huet. Den Atlas war de Monni vun den Hesperiden a konnt dofir ouni Problem d'Gäert betrieden.

Aus deem Grond huet den Herakles den Atlas gefrot him déi dräi Äppel sichen ze goen, hie géif an där Zäit den Himmel droen. Den Atlas huet dat och gemaach, mä wou den Atlas zréck komm ass war e frou datt en d'Gewiicht wum Himmel net méi misst droen an huet sech geweigert d'Laascht erëm op sech ze huelen. Den Herakles awer huet em dorpshi gesot, hie wier d'Gewiicht net gewinnt, an e géif sech e puer Kësse siche goe fir se op seng Schëlleren ze leeën; an der Tëschenzäit sollt den Atlas erëm den Himmel droe bis en erëm wier. Mä nodeem den Atlas den Himmel erëm op d'Schëllere geholl huet, huet den Herakles déi dräi gëllen Äppel geholl an sech domat op den Heemwee gemaach.

Den Eurystheus huet se der Athena geaffert, mä déi huet se erëm zréck an d'Gäert vun den Hesperide bruecht.

De Réngkampf mam Kerberos[änneren | Quelltext änneren]

Den Eurystheus war ëmmer nach entsat, datt den Herakless eng Aarbecht no där anerer geléist huet an sech säi Ruff ëmmer méi wäit ausgebreet huet. An sou huet hie sech déi schwieregst vun allen Doten ausgeduecht: de Kerberos, den Hond deen den Agang zur Ënnerwelt Hades bewaacht huet, sollt e matbréngen.

Fir d'éischt huet den Herakles sech an den Eleusesche Mysterien aweise gelooss fir sou ze léiere wéi e mat den Doudegen an hiren Herrscher sollt ëmgoen. Mat Hëllef vum Hermes ass et em gelongen zum Bierg Tainaron komm. Duerch riseg Splécke si si dunn erof an d'Ënnerwelt geklommen a beim Floss Styx hu si op de Charon gewaart. Wéi deen awer gesinn huet datt en déi schwéier Laascht vu Liewege sollt iwwersetzen, huet e sech fir d'éischt geweigert, mä den Herakles huet e mat Gewalt gezwongen.

Endlech si si beim Hades, dem Gott vun der Ënnerwelt, ukomm. Hien huet dem Herakles erlaabt de Kerberos matzehuelen, ënner där Konditioun datt hie keng Waffe géint den Hond benotzt. Sou huet dunn den Herakles mat bloussen Hänn mam Kerberos gerongen, e schliisslech bei der Akaul geholl an e sou laang gewiergt bis e vu sech war. Dunn huet en e gefesselt, en op seng Schëllere gehuewen an en dem Eurystheus matbruecht. De Kinnek ass sou erféiert wéi en dat schrecklecht Ongeheier gesinn huet, datt e sech ängschtlech verstoppt huet. Duerno huet den Herakles de Kerberos erëm zréck an d'Ënnerwelt bruecht.

Domat hat hien och déi lescht Dot ausgefouert.

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Twelve Labours – Biller, Videoen oder Audiodateien