Kerberos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Kerberos (och Zerberus) war de Wiechter vun der Ënnerwelt, dem Hades, Jong vum Typhon an Echidna. Als Ongeheier mat dräi Käpp a Gestalt vun engem Hond mat Schlaangen op Kapp, Akaul a Réck huet hien den Agank an den Hades bewaacht. Hien huet zwar jiddwereen eragelooss, mä kee méi eraus.
Nëmmen zweemol ass hie bezwonge ginn: eng Kéier duerch de Gesank vum Orpheus an déi aner Kéier vum Herakles, deen hie meeschter gi war an en du mat bei den Eurystheus geholl huet an e spéider erë zréckbruecht huet.
Analogie [änneren]
- De Garm aus der nordescher Mythologie.
Kuckt och [änneren]
| Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |
| Commons: Cerberus – Biller, Videoen oder Audiodateien |