Okeanos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Okeanos ass ee vun den Titanen. Ursprénglech verkierpert hien de Stroum deen d'Äerdscheif ëmfléisst an deen zwar a Verbindung mat deenen anere Flëss a Mierer steet, mee trotzdeem vun hinne getrennt ass. Eréischt spéider ass den Okeanos zur Bezeechnung fir d'Weltmierer ginn (Ozean).
Den Okeanos war de Jong vum Uranos an der Gaia, Brudder a Mann vum Tethys, a Papp vun den Okeaniden. Beim Kampf vum Zeus géint d'Titanen an d'Giganten huet hien sech op d'Säit vum Zeus geschloen an ass doduerch och net an den Tartaros verbaant ginn.
| Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |
| Commons: Oceanus – Biller, Videoen oder Audiodateien |