Leifeegeschaft

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Leifeegener vum 12. bis 16. Joerhonnert.

D'Leifeegeschaft oder Leifherrschaft bezeechent eng perséinlech Ofhängegkeet vun de Baueren zu hirem Grondhär, déi besonnesch am Mëttelalter wäit verbreet war.

D'Leifeegeschaft ass grondsätzlech als géigesäiteg Verflichtung unzegesinn. De Grondhär huet dem Leifeegene militäreschen a juristesche Schutz misse bidden; sou huet de Grondhär, am Fall vun enger Virluedung op e friemt Geriicht, misse Rechtsbäistand leeschten. Als Géigeleeschtung huet de Leifeegenen Ofgabe misse leeschten: an Natur, a Form vu "gratis" Aarbecht (Froundéngschter) oder - wéi et erëm eng richteg Geldwirtschaft gouf - a Form vu Suen. Et war him ouni Erlaabnes vu sengem Här net erlaabt, d'Grondherrschaft ze verloossen, oder sech ze bestueden.

E Leifeegenen, dee genuch Suen hat, konnt sech eventuell vu sengem Grondhär fräikafen, dat gouf awer a ville Fäll net gemaach, well de Schutz vun engem Grondhär fir d'Lännereie wichteg war.

An eise Géigenden ass d'Leifeegeschaft lues a lues verschwonnen, a spéitstens mat der franséischer Revolutioun war bei eis näischt méi dovun ze spieren. A Russland ass d'Leifeegeschaft awer eréischt 1861 ofgeschaaft ginn!

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Georges Duby, L'économie rurale et la vie dans les campagnes dans l'Occident médiéval ; Paräis (Flammarion), 1962; Neioplo am Täscheformat (an der Kollektioun Champs/Flammarion), 1977.
  • Georges Duby, Guerriers et paysans - VIIe-XIIe siècle: Premier essor de l'économie européenne ; Paräis (Gallimard, Bibliothèque des Histoires), 1973; Neioplo an der Kollektioun TEL (Gallimard) , 1978.
  • Edith Ennen, Die Grundherrschaft St. Maximin und die Bauern zu Wasserbillig ; in: Historische Forschungen für Walter Schlesinger, (...) ; Köln & Wien, 1974.
  • Guy Fourquin, Histoire économique de l'Occident médiéval ; Paräis (Armand Colin), 1979 (3. Editioun).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]