Pausanias (Geograph)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mam griichesche Geograph Pausanias. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Pausanias.

De Pausanias war en antike griichesche Geograph a Reesenden am 2. Joerhonnert eiser Zäit.

De Pausanias ass am Ufank vum 2. Joerhonnert (~110/115) a Klengasien op d'Welt komm. Iwwer säi Liewen ass net vill gewosst, well d'antik Auteurë schwätze quasi net vun him, an hie selwer verréit och net vill iwwer sech.

Hien huet wahrscheinlech seng Studien an enger vun de grousse Stied un der Ägäis-Küst gemaach, déi ënner der Pax romana erëm opgebléit sinn, an e Foyer vu griichescher Kultur waren. Seng Formatioun war op allefall zolidd, hie huet all déi grouss klassesch Auteure kannt, genee sou wéi déi méi modern vu senger Zäit.

Wat hien am meeschten interesséiert huet, waren déi antik reliéis Aspekter: Statuen, Gebaier, Riten, Mythologie... .

De Pausanias ass vill an der griichescher Welt ronderëmgereest, an huet seng Erfarungen a sengem Wierk néiergeschriwwen.

Periégesis tes Hellados[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pausanias säin eenzegt Wierk ass d'Periégesis tes Hellados (lëtz.: Beschreiwung vu Griicheland). Geschriwwen tëscht 150 an 175 ass dëst Wierk an 10 Bicher opgedeelt, déi d'Regioune vu Griicheland beschreiwen. Säi Wierk ass eng wichteg Source fir d'Archeologie. Mam Text vum Pausanias am Grapp goufen déi éischt Ausgruewungen zu Olympia an Delphi gemaach, an duerch seng Beschreiwunge konnte vill Ruinen identifizéiert ginn.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • William Kendrick Pritchett, Pausanias Periegetes, Gieben, Amsterdam, 1998.
  • Georges Roux, Pausanias en Corinthie, Belles Lettres, Paräis, 1950.
  • Georges Daux, Pausanias à Delphes, Boccard, Paräis, 1936.
  • Sir James George Frazer, Sur les traces de Pausanias : A travers la Grèce ancienne, Belles Lettres, Paräis, 1927.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Discobolus icon.png Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antikitéit.