Artemis

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat der griichescher Gottheet Artemis. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Artemis (Homonymie).
Artemis-Statu am Musée zu Ephesos

D'Artemis ass d'Duechter vum Zeus a vun der Leto, Zwillingsschwëster vum Apollo (no enger So soll si souguer hirer Mamm gehollef hunn hiren Zwillingsbrudder op d'Welt ze bréngen). D'Artemis war am griichesche Mythos déi populäerst vun alle Gëttinnen an huet zu den olympesche Gëtter gehéiert.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

Den Urspronk vun hirem Numm ass net richteg gekläert. Mä warscheinlech ass d'Artemis aus dem Noen Oste komm. Si war un éischter Plaz eng jongfräulech Juegdgëttin, mä huet sech awer no an no mat anere lokale Gëttinne vereenegt an doduerch weider Wiesenszich ugeholl, déi hir awer ursprénglech net eege waren.

Kult[änneren | Quelltext änneren]

Der Seechen no ass si, begleet vun Nymphen, mat Fäil a Bou duerch d'Bëscher gezunn a war d'Patrounin vun de Jeeër an Härin iwwer d'Déieren. Wie si beleidegt huet ass schwéier bestrooft ginn. Sou huet si z. B. D'Duechtere vun der Niobe an d'Aloaden déi den Olymp stierme wollten; den Aktaion, well dee se plakeg beim Buede gesinn hat an den Orion, dee s'am Diskuswerfen erausgefuerdert hat. Nieft anere Beispiller ass och nach den Agamemnon z'ernimmen, dee si gekränkt hat a vun deem se dofir d'Afferung vu senger Duechter Iphigeneia verlaangt huet (wat se herno awer net duerchgezunn huet well den Agamemnon bereet war dat Affer ze bréngen).

Sou wéi si engersäits Verdierwe brénge kann, beschützt si anerersäits d'Liewen. Sou stoung si als Artemis Eileithyia de Frae bei der Gebuert bäi an huet hinnen zu engem Accouchement ouni Péng verhollef. Wann eng Fra am Wochebett gestuerwen ass hunn d'Leit gegleeft dat si vum Fäil vun der Artemis getraff gouf. Si hunn der Gëttin d'Kleeder vun der Verstuerwener geaffert. Brautleit, a besonnesch déi jonk Meedercher, hunn hire Schutz erbiet andeems se hir virun der Hochzäit Affer bruecht hunn.

Och als Vegetatiouns- a Fruchtbarkeetsgëttin trëtt d'Artemis an der Seechen an Erscheinung. Am Zesummenhang mam Bamkult ass hiert Bild a Beem a Sträicher gehaange ginn. Déi zu hiren Éieren hu jonk Männer a Meedercher Maskendänz opgeféiert (dacks mat Bieremasken) mat deelweis phallëschem Charakter hunn op si als Vegetatiounsgëttin higedeit, grad sou hir geleeëntlech Duerstellung als Kultbild mat ville Brëscht (z. B. Artemis vun Ephesos.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Analogien[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Artemis – Biller, Videoen oder Audiodateien