Priamos

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Priamos war de leschte vu sechs Kinneke vun der Stad Troja. De Priamos war de Jong vum Laomedon a senger Fra Leucippe.

De Priamos eleng sollt der So no fofzeg Jonge gehat hunn, dorënner den Hektor, Paris, Antiphos an de Polites.

Während dem Trojanesche Krich huet hien nom Doud vu sengem Bouf dem Hektor, e Waffestëllstand ausgehandelt, an domat och deem seng Läich zréckkrut. Fir dat z'erreechen, ass hien an d'Lager vun de Belagerer gaangen. Bei der Eruewerung vun Troja gouf de Priamos vum Neoptolemos beim Altor vum Zeus ëmbruecht.

No der Entdeckung vun Troja duerch den Heinrich Schliemann gouf de Schaz, deen hien do fonnt hat dem Priamos säi Schaz genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Priam – Biller, Videoen oder Audiodateien