Chariten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Chariten (déi Graziéis) waren déi dräi Duechtere vum Zeus a vun der Eurynome; d'Gëttinne vun der Schéinheet a vum Charme. Hir Nimm sinn:
Déi 3 Chariten vum Raffaël
- Euphrosyne (Frousënn)
- Thalia (bléiend Gléck)
- Aglaia (Glanz)
Meeschtens sinn si als Begleedung vum Hermes, der Aphrodite a vum Appollo opgetrueden, mä si hale sech och gär a Gesellschaft vun de Musen an den Horen op.
D'Chariten danzen a sangen, a si mat Rousen a Myrte gerëscht. Si sinn op ville verschiddene Plaze veréiert ginn, besonnesch zu Athen, Olchemos a Sparta. An der Konscht si se gären duergestallt ginn, a fréierer Zäit bekleet, spéider eischter plakeg.
Entspriechungen [änneren]
Kuckt och [änneren]
| Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |
| Commons: Gratiae – Biller, Videoen oder Audiodateien |