Persephone

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Entféierung vun der Persephone, Rembrandt Harmensz van Rijn, 1632

D'Persephone (gr. Περσεφόνη, "déi déi d'Liicht zerstéiert") war an der griichescher Mythologie d'Gëttin vun der Ënnerwelt. Si war d'Duechter vum Zeus an deem senger Schwëster Demeter. Vun hirem Papp, dem Zeus war si d'Mamm vum Zagreus a gouf spéider d'Fra vum Hades, Gott vun der Ënnerwelt, dee si entfouert hat. Si ass deelweis och als Karmeedchen oder Kore (gr. Κόρη, "Meedchen", haut "Duechter") bezeechent ginn.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Mythos

Der Kore hiren Papp Zeus hat sech a si verléift. Hien huet sech an eng Schlaang verwandelt a si esou befruucht. Si huet spéider den Zagreus gebuer, deen dem Zeus säin Nofolger sollt ginn. Nodeems den Zeus säin Zil erreecht hat, huet e keen Interessi méi u senger Duechter gewisen. Säi Brudder Hades awer huet sech an d'Fra verléift an huet den Zeus gefrot fir d'Kore ze kréien. Well deen awer wousst datt d'Kore net fräiwëlleg a seng däichter Welt géif matgoen, huet den Zeus sech guer net dozou geäussert, wat den Hades als Zoustëmmung ausgeluet huet. Wéi d'Kore an der Nysa-Ebene Blumme gepléckt huet, ass den Hades aus der Ënnerwelt eropkomm an huet si entfouert. Op dem Kore seng Kreesch no Hëllef huet den Zeus net reagéiert. D'Kore huet sech an hiert Schicksal erginn an ass vun do u Persephone genannt ginn. Den Hades huet d'Persephone zu senger Fra gemaach a si hunn zesummen iwwert d'Ënnerwelt regéiert.

Persephone aus dem Akropolis-Musée

Hir Mamm Demeter huet verzweifelt no hirer Duechter gesicht, bis endlech den Helios, de Sonnegott deen alles gesäit, hir verroden huet wou hatt sech ophält. D'Demeter huet dunn den Olymp verlooss a sech an hirer Trauer zeréckgezunn. Dunn ass all Fruuchtbarkeet vun der Äerd verschwonnen, d'Planze sinn agaang an d'Mënschen an Déieren hunn Honger gelidden. Den Zeus huet ëmsoss versicht seng Fra ëmzestëmmen an huet sech schliisslech genéidegt gesinn, säi Brudder ze zwéngen d'Persephone ërem fräi ze ginn. Zwar huet den Hades gefollegt, mee en huet dem Persephone awer e Granatapel z'iesse ginn, dee verhënnert huet datt si fir ëmmer zréck bei déi Lieweg kéint goen. Duerfir ass dunn d'Persephone zwee Drëttel vum Joer bei hirer Mamm op der Äerd bliwwen. Zu där Zäit huet alles gebléit an ass geräift. Mee dann ass si nees bei hire Mann zréckgaang, an de Wanter ass op der Äerd agezunn.

An der Ënnerwelt huet si eescht a streng nieft dem Hades getrount. Mee si ass och als gefälleg Verséinerin ugesi ginn, déi hire Mann sou munnech Kéier konnt ëmstëmmen.

[änneren] Kult

D'Persephone, déi an enker Verbindung zu hirer Mamm Demeter stoung, ass meeschtens mat hir zesumme veréiert ginn. Haaptsächlech zu Eleusis, mee hire Kult huet sech duerno iwwer ganz Griicheland verbreet an esouguer iwwert d'Grenzen eraus.

[änneren] Literatur

  • Farnell, Lewis Richard: The Cults of the Greek States, Volume 3, Faksimile-Täschebucheditioun 2005 bei Elibron Classics vun der 1907 Originaleditioun bei Clarendon Press, Oxford. 490 Säiten.

[änneren] Entspriechungen

[änneren] Kuckt och

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Persephone – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen