Caloris Planitia

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Caloris Planitia (Merkurkrater)
Caloris Planitia um Terminator
Eegeschaften
Breet 30.5 N
Längt -189.8 O
Duerchmiesser 1550 km
Alter 3900000000

De Caloris Planitia („Calor“, laténgesch, = Wäermt, Hëtzt; „Planitia“, laténgesch = Déifplateau oder -Becken, ass mat 1.550 km Duerchmiesser de gréissten Aschlagkrater op der nach net vollstänneg erfuerschter Uewerfläch vum Merkur.

De Caloris Planitia gouf sou genannt, well, duerch d'Resonanz tëscht dem Merkur senger Rotatiouns- a Bunnbewegung, bei all zweete Passage vum sonnennächste Punkt vun der Ëmlafbunn d'Längtepositioun vum Becken zu der Sonn ausgeriicht ass.

D'Caloris-Becke gouf wahrscheinlech duerch den Aschlag vun engem Asteroid mat ongeféier 100 km oder souguer 150 km Duerchmiesser virun 3,9 Milliarde Joer geformt. Et gëtt ugeholl, datt duerch d'Energie vum Aschlag ongeféier 500.000 km² Terrain vun der géigeniwwerleiender Säit vum Planéit opgebrach war, sou datt sech do Bierger mat iwwer 1.800 m Héicht opgebaut hunn. Den Impakt war sou hefteg, datt duerch d'seismesch Schwéngungen ëm d'Aschlagplaz etlech konzentresch Rankramplien opgeworf goufen, an aus dem Kär vum Planéit Lava ausgetratt war.

Dat a sengem Zentrum zimlech flaach gegliddert, grousst kreesfërmegt Becken, dat nërdlech vum Equator läit, gëtt vun de Caloris Montes begrenzt, en onregelméissege Biergrank (oder eng Biergketten), deem seng Spëtzten nëmmen 1 km bis 2 km héicht sinn.

Den Zentrum vum Becken gouf anscheinend vum Magma aus der Déift opgefëllt, ähnlech wéi d'Marebecke vum Mound. Déi Lavaflächen hunn eng eegenaarteg ronzeleg Textur, déi bis elo nëmme beim Merkur bekannt ass, an hunn däitlech maner Krateren, wéi aner Merkurregiounen. Um Buedem vum Becken si vill konzentresch Ronzelen a Biergrécker, déi un eng Zilscheif erënneren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie