Optesch Täuschung
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
De Quadrat A huet genee dee selwechte Grotoun wéi de B (Beweis)
|
|
De Penrose-Dräieck. Eng dräidimensional Figur, déi et net ka ginn.
|
Eng Optesch Täuschung (oder optesch Illusioun) ass eng Illusioun, déi de mënnschleche visuelle System an d'Ier féiert, mat dem Resultat, datt een eng deforméiert Perzeptioun vun der Realitéit huet.
Et ginn allgemeng dräi 'Feelerquellen':
- reng optesch Täuschung, déi duerch d'Proprietéite vum Liicht entstinn, z. B. Mengen, datt d'Sonn owes rout ass.
- physiologesch Täuschungen, déi op d'Eegeschafte vum mënschlechen A zeréckzeféiere sinn. Beispill: En "No-Bild" op der Netzhaut, oder de Faarweraster vun enger Televisioun, deen op 3 Faarwe baséiert, mä den Androck gëtt, wéi wann et vill verschidde Faarwe wieren.
- psychologesch Täuschungen, woubäi d'Gehir d'Informatiounen, déi et kritt, falsch interpretéiert. Beispiller sinn 'onméiglech Figuren' (dräidimensional Objeten, déi et esou net ka ginn, Tableauë vum M. C. Escher,...).