Osama Bin Laden

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Osama bin Laden

Den Usāma ibn Muhammad ibn Awad ibn Lādin, gebuer den 10. Mäerz 1957 zu Riad a Saudi-Arabien, a gestuerwen den 1. Mee 2011 zu Abbottabad [1], kuerz als Osama bin Laden (arabesch أسامة بن لادن) bekannt, huet als Mudschahid géint déi sowjetesch Besatzung am Afghanistan gekämpft a war jorelaang dee weltwäit am meeschte gesichten Terrorist, besonnesch wéint den him zougeschriwwenen Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA. [2]

Inhaltsverzeechnes

Liewen[änneren]

Hie gouf als 17. vun 52 Kanner gebuer, déi säi Papp mat sengen zéng Fraen hat. Säi Papp, Muhammad bin Laden, war e Beduin aus dem Hadramaut, Jemen. Hie war Bau-Entreprener mat enke Kontakter zum deemolege saudesche Kinnek Faisal. 1931 huet hien zu Dschidda d'Entreprise Saudi Binladin Group SBG gegrënnt.

Seng Mamm soll ënnerschiddleche Quellen no entweder aus dem deemolege Mandatsgebitt Palestina ënner britesch-franséischem Mandat oder aus Saudi-Arabien stamen.

De Bin Laden soll mat 5 bestuete Fraen – vun enger gescheet – am Ganzen op d'mannst 24 Kanner gehat hunn. Seng éischt Fra, Nadschwan Ibrahim Ghanim, huet anscheinend eelef Kanner vun him. Eng vu sengen Duechtere soll mam Mullah Omar, dem Uféierer vun den Taliban, bestuet sinn.

Den Osama Bin Laden huet Arabesch an anscheinend och Urdu geschwat.

Studium[änneren]

Den Osama bin Laden ass zu Dschidda (Saudi-Arabien) opgewuess an huet do op der Kinnek-Abduliaziz-Universitéit Wirtschaftswëssenschaften (Sciences Economiques) a Betribsmanagement studéiert. Aner Source schwätze vun Civil Engeneering, also Bauingenieurwiesen. Hien huet 1979 säin Ofschloss gemaach. Zënter dem Ufank vun de 70er Joren hat hie fundamentalistesch-reliéis Kontakter.

Relioun[änneren]

Als Saudi-Araber ass den Osama bin Laden an der Traditioun vun de Wahabiten opgewuess, eng pietistesch Richtung vum sunniteschen Islam, déi am 18. Joerhonnert op der arabescher Hallefinsel entstanen ass.

Militäresch Carrière[änneren]

Afghanistan Krich[änneren]

D'Revolution am Iran ënnert dem Ayatollah Chomeini an d'sowjetesch Invasioun am Afghanistan datselwecht Joer hunn hien iwwerzeegt, e gewaltsame Kampf fir eng geeenten islamesch arabesch Welt féieren ze missen, eng nei Pax Arabica.

Hie war vun 1980 bis 1988 Mujahedin-Guerilla-Féierer an huet mat der Ënnerstëtzung vum pakistanesche Geheimdéngscht ISI an der CIA am Afghanistan d'Rout Arméi bekämpft.

1982 huet den Osama bin Laden sech fir d'éischte Kéier entschloss, och direkt an den Afghanistan ze goen. Hien huet eng gréisser Zuel vu Baumaschinnen, wéi dringend zur Ofwierlogistik gebrauchte Bulldozer an ähnlecht Material, an d'Land bruecht.

Openthalt a Saudi-Arabien[änneren]

Nom Ofzuch vun de sowjeteschen Truppen huet de Bin Laden an der Firma vu sengem Papp a Saudi-Arabien geschafft. Am Zweete Golfkrich 1990/91 huet hien ëffentlech d'Stationéierung vun amerikaneschen Zaldoten a Saudi-Arabien kritiséiert. Hien hat d'Virstellung, datt seng Mujahedin d'Iraker aus Kuwait verdreiwe sollten. Dat gouf vum saudesche Kinnekshaus awer refuséiert. Dorophin huet hien all Sympathien vum saudesche Kinnekshaus verluer.

1993–1995 Openthalt zu Sarajevo[änneren]

1994-1996 Zäitweise Wunnsëtz a Libyen[änneren]

De Bin Laden soll sech zäitweis an der Stad Jabala-Larde net wäit vu Banghazi opgehalen hunn.

1998 Éischten internationalen Haftbefehl[änneren]

Den éischten Haftbefehl géint de Bin Laden gouf vu Libyen de 16. Mäerz 1998 ugefrot a vun Interpol de 15. Abrëll 1998 verbreet. E gouf dem Mord un zwéi Beamte vum Bundesnoriichtendéngscht verdächtegt.

1996 bis 2011 - Afghanistan[änneren]

Dem Osama seng lescht Residenz zu Abbottabad

Opgrond vu saudeschem an amerikaneschem Drock huet de Sudan 1996 den Osama Bin Laden aus dem Land verwisen, deen dorophin erëm an den Afghanistan gereest war, wou hien ongféier 50 militäresch Camp'en opgeriicht huet. 1998 huet seng Organisatioun mat där vum Aiman az-Zawahiri fusionéiert.

An der Zäit duerno huet hien déi éischt Dschihad-Erklärung publizéiert: Zil vu senger Organisatioun al-Qaida wier „d'Verdreiwe vun amerikaneschen Truppen aus der Golfregioun, de Stuerz vum saudesche Kinnekshaus an domat d'Befreiung vun den hellege Gebaier vun de Muslimen an déi weltwäit Ënnerstëtzung vu militanten islamesche Gruppen“.

An der Tëschenzäit gouf vu russescher Säit spekuléiert, de Bin Laden hätt sech am georgesche Pankissi-Dall verstoppt gehalen.

Als Chef vun der islamescher Organisatioun al-Qaida (d. h. Basis, Datenbank) gëtt him reprochéiert, Drotzéier vu verschiddenen Terroruschléi ze sinn. Him gëtt och virgeworf an d'Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA implizéiert ze sinn. Den Ugrëff vun den USA op den Afghanistan huet bezweckt - esou déi offiziell Stellungnahm vun den USA - d'Festnahm vum Bin Laden an d'Zerschloe vu senger Organisatioun am Land.

No der Bombardéierung vum Bin Laden senger Biergfestung Tora Bora am Dezember 2001 war d'éischt onkloer, ob hie selwer dobäi ëmkoum oder iwwerlieft huet a sech an d'Ausland ofsetze konnt. Duerno gouf awer dovun ausgaangen, net zu lescht wéinst Billermatérial, datt ëmmer nei opgedaucht ass, datt e sech am Grenzgebitt tëschent dem Afghanistan a Pakistan (Waziristan) opgehalen huet.

Am Februar 2004 gouf gemellt, datt den Osama bin Laden am Nordwesten vum Pakistan agekreest gi wier. De Bin Laden an ongeféier fofzeg vu sengen Unhänger wieren an engem ronn 16x16 km grousse Bierggebitt nërdlech vun de Stied Khanozai, Murgha an Quetta no bei der afghanescher Grenz lokaliséiert ginn. D'USA an de Pakistan dementéieren dat awer.

Den 20. Juni 2005 huet den amtéierende Chef vum US-amerikanesche Noriichtendéngscht CIA, Porter Gross, an engem Interview mam US-Magazin Time bekannt ginn, datt hie wéisst, wou de Bin Laden sech géif ophalen. Hien huet ugedeit, datt en auslännesche Staat d'Hand iwwert den Osama bin Laden géif halen. Et gouf ugeholl, datt dëst de Pakistan wier an d'Regierung am Land aus bannepolitesche Grënn keng Ausliwwerung wéinst radikale Stréimungen am eegene Land kéint duerchféieren.

Den 1. Mee 2011 huet den US-President Barack Obama an enger Televisiounsusprooch den Doud vum Osama Bin Laden matgedeelt.[1]

Finanzen[änneren]

  • D'USA beméie sech d'Finanze vum Osama bin Laden anzefréieren.
  • D'Islamesch Bank zu Tirana soll hiert Grondkapital zu 60 Prozent aus der Schatull vum Bin Laden kritt hunn (Quell: "Wie der Dschihad nach Europa kam", vum J.Elsässer).
  • Paräis huet d'Enquêten zu de Finanzstréim vum Bin-Laden-Clan ausgewäit.
  • Den Osama an de Yeslam bin Laden hate vun 1990 bis 1997 e Kont zesumme bei der Schwäizer Bank UBS.
  • 241 Milliounen Euro sollen iwwer déi Däitsch Bank an de Pakistan un Al-Kaida-Féierer gefloss sin (Quellen: [1], [2] [3] )

Medien[änneren]

Säi System[änneren]

Dem Bin Laden säi System bestoung aus der Zesummefaassung vu mëttelalterleche Reliounsfragmenter, dem Kampfgeescht vun de Beduinen an dem arabeschen Nationalstolz, verbonne mat Militär-, Medien- an Geheimdéngschttechniken. Dobäi gouf hie vun e puer Memberen aus senger räicher a wäit veräschtelter Famill (dorënner och offiziell Waffenhändler) ënnerstëtzt. Dee System huet relativ stabil funktionéiert, trotz enger Belounung vun am Ganze 27 Milliounen US-Dollar vu Säite vun der Bush-Regierung, militäreschen Operatiounen a finanziell Ausdréchnungsversich. Säi Wonsch war et, e Staat deen nëmmen aus Muslime besteet als Weltstaat ze kontrolléieren.

Terroruschléi[änneren]

Terror-Attacken, déi mam Osama bin Laden a Relatioun bruecht ginn :

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Osama bin Laden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren]

  1. 1,0 1,1 Artikel am Spiegel Online
  2. Text oder Weblink